Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Soccer Mommy - Your Dog

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ronderëm d'Onëmgänglechkeete vum Liewen

David Allred - The Transition

Ronderëm d'Onëmgänglechkeete vum Liewen

Datt d'Liewe vergänglech ass, weess jiddwereen. An awer schéngt all Mënsch esou an den Dag eranzeliewen, wéi wann den Doud keen Thema wier. Grad mam Doud, der Vergänglechkeet an Ähnlechem huet sech den amerikanesche Folk-Museker David Allred auserneegesat. An zwar op sengem neien Alvum "The Transition".

auto_stories

3 min

An enger Kuerzgeschicht vum Haruki Murakami heescht et: "The older a person gets, the lonier he becomes". Wien an den Alter kënnt, muss vereinsamen. Wann een dem japaneschen Auteur gleewen dierf, sou ass all Etapp vum Liewe just nëmmen do, fir datt ee sech un d'Einsamkeet gewinne kann. De musikaleschen Zousaz zu deem Ageständnis kënnt elo vun engem vläicht 30 Joer jonke Museker aus Kalifornien.

Den Afloss vum Peter Broderick

Den David Allred gehéiert zum Donstkrees vum Peter Broderick. De jonke Sänger a Multiinstrumentalist huet d'lescht Joer mam Broderick um Folk-Projet "Find The Ways" zesummegeschafft a musizéiert. De minimalistesche Folksound an déi einfach Produktioun ass schonn eng Zort Precurseur fir dat, wat elo um Allred sengem Debutalbum bei Erased Tapes Records ze héieren ass.

De gudde Mann war mat senge Mëtt-Zwanzeger vill mam Broderick op Tour - wann och net just - an huet no enger laanger Zäit de Wee nees heem fonnt. Op Loomis, nordëstlech vu Sacramento. Do ukomm huet hie scheinbar eng Zort Quarter-Life-Crisis gemaach an decidéiert, an engem Altersheem ze schaffen. Déi gesammelt Experienzen a Geschichte vun de Leit sur place sinn an dësen Album agefloss.

Alles ass vergänglech

De grousse Regret, dee vu ville Leit an deem Heem formuléiert gouf, war dee vum Liewen, dat esou immens séier verflunn ass. "Impending Imperative Change" - sou en Titel um Album, ass en Gros d'Thema fir den Allred. Zäit, déi verrënnt, d'Vergänglechkeet vun allem. Wéi gëtt een domadder eens? Well domadder eens ginn ass net vu Muttwëll. Wiessel ass inevitabel. Saachen, Objete verschwannen, Memoire verflitt a Mënsche stierwen. "So it goes", wéi de Kurt Vonnegut am "Slaughterhouse 5" géif schreiwen.

Musikalesch ass dem David Allred seng laangjäreg Zesummenaarbecht mam Peter Broderick a Co. däitlech erauszehéieren. Et gëtt Tracks mat enger bal üppeger Instrumentéierung - Kontrabass, minimal Bléiser a seng Stëmm - mee hie schrauft et mat Amenter esou erof, datt och mol just e Piano mat senger Stëmm, oder einfach just seng Stëmm, deen hien dann an der Produktioun moduléiert an iwwertenaner leet. Dorausser resultéieren zum Deel ganz häerzzerräissend Harmonien, wéi um "Song the Garden". De Peter Broderick war och mat am Studio an huet bäigedroen, mee den Esprit vun ënner anerem engem Arthur Russell war sécher mat vun der Partie.

"For Catherine E. Coulson" ass eng Zort Noruff op d'Actrice, déi d'Log Lady an der Serie Twin Peaks gespillt huet a "Randy a Susan" erzielt vun zwee Mënschen aus deem Altersheem, an deem den David Allred geschafft huet. Och do geet et ëm Verloscht, Gier, Léift a Vereinsamung. Esou vill Empathie op engem Disk op Basis vun engem Job am Altersheim gouf et bis dato sécher net.

"The Mirror of Time" - dem Spigel vun der Zäit steet jiddwereen eleng géigeniwwer. A sech doriwwer beschwéieren? "Bei wiem dann", freet de Murakami a senger Kuerzgeschicht. Et ass jo kee méi do dann. Bei aller atmosphärescher Melancholie kéint "The Transition" vum David Allred jo awer kuerzzäiteg zur Säit stoen. Mee wie weess, ob mir am héijen Alter nach Musek lauschteren.