Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eppes Réies, Raues fir ze lauschteren

Run the Jewels - RTJ4

Eppes Réies, Raues fir ze lauschteren

Mat "RTJ4" liwwert de Rapduo Run the Jewels de Soundtrack fir d'Black Lives Matter Protestbeweegung. Knallhaart Beats treffen hei op Lyrics iwwer Policebrutalitéit a Rassismus. En Album, esou aktuell wéi néideg. De Max Tholl presentéiert dës musikalesch Opfuerderung zum Widderstand, déi eisen Album vun der Woch ass.

auto_stories

3 min

Foto: Tim Saccenti

"Firwat waarden? D'Welt ass duerchzu vu Bullshit, hei ass eppes Réies, Raues fir ze lauschteren, wärend Dir probéiert, dat alles ze verschaffen." Mat dësem kuerze Message hu Run the Jewels hiren neien a véierten Album "RTJ4" zwee Deeg virum geplangten Releasedatum annoncéiert. De Rapduo EL-P a Killer Mike liwwert mat dësem de Soundtrack fir d'Black Lives Matter Protestbeweegung, déi de Moment op de Stroossen dem Rassismus an der Policebrutalitéit de Kampf useet. En Album, esou aktuell wéi néideg. Firwat also waarden?

2014 koum hiren zweeten Album "RTJ2" e puer Méint no de Black Lives Matter Protester an der amerikanescher Stad Ferguson eraus. En huet dem gewalttätegen Doud vum jonken afroamerikaneschen Teenager Michael Brown duerch d'Police e musikalescht Denkmal gesat. Sechs Joer méi spéit hunn d'Affer aner Nimm, mee d'Ongerechtegkeet ass bliwwen, ass ëmmer nach systematesch. Run the Jewels wëllen awer net resignéieren, vill méi ass hiren neien Album eng Opfuerderung zum Widderstand.

"straight in your face" Beats

Op "RTJ4" erziele si vun der Konfrontatioun mat korrupte Politiker a mäerderesche Polizisten. Am Song "The Art of Walking in the Snow" protestéiert de Killer Mike déi jorelaang Apathie vun der amerikanescher Gesellschaft, déi ouni Reegung nokuckt, wéi ëmmer nees People of color duerch Policegewalt stierwen, wéi ëmmer nees d'Zeilen "I can't breathe" zu de leschten Wierder ginn. Run the Jewels kämpfe mat beschtem Agit-Hip-Hop à la Public Enemy géint dës Ignoranz un. D'Lyrics um neien Album sinn däitlech manner ironesch an humoristesch wéi op de Virgänger, d'Beats dofir awer nach e gudde Krack méi brachial, nach méi "straight in your face" wéi Run the Jewels hire Sound bezeechnen.

Niewent den zwee Haaptprotagoniste sinn um Album awer nach eng ganz Rëtsch musikalesch Gäscht wéi de Pharrell Williams, de Rapper 2Chainz, oder de Rage Against the Machine Frontmann Zack de la Rocha vertrueden. Et ass awer virun allem den emouvanten a soulege Gospelgesang vun der Seventies-Legend Mavis Staples, dee sech engem déif an d'Séil era buert. Am Lidd "Pulling the Pin" sengt si iwwer d'Granat an hirem Häerz, wärend de Queens of the Stone Age-Chef Josh Homme am Hannergrond seng Gittar huerele léisst.

Dat lescht Stéck bitt e Kontrast zum Rescht vun der Plack

Ganz zum Schluss vum Album liwwere Run the Jewels mat "A Few Words for the Firing Squad" nach ee finalen Highlight an eng Ode un all déi, déi sech géint d'Ongerechtegkeet zur Wier setzen an déi, déi dem Haass zum Affer gefall sinn. Amplaz knallhaart Beats gëtt et hei ee Crescendo aus Sträichinstrumenter a Lyrics, direkt aus der rosener Panz op d'Zong. Et ass net nëmmen een Opruff aktiv ze ginn, et ass virun allem een Opruff nees e Stéck Hoffnung ze hunn. Och op déi huet ee laang musse waarden.