Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ryley Walker - Deafman Glance

Album vun der Woch

Ryley Walker - Deafman Glance

"Deafman Glance" - esou heescht den neien Disk vum Ryley Walker. E Folkmuseker vu Chicago, deen op dësem Album progressiv Jazzelementer a säi psychedelesche Kascht agebonnen huet. Eng duuss Sonndeg Moie Plack, déi een awer och duerch de Rescht vun der Woch ganz charmant begleet.

auto_stories

3 min

De Ryley Walker ass e Produkt vu britescher an amerikanescher Folkgeschicht. A senger Musek ass déi primitiv an elementar Energie vum Amerikaner John Fahey erauszehéieren. Gläichzäiteg kënnt och d'Eleganz vum Englänner John Renbourn zum Virschäin. Zwou Folklegenden, déi an de 60er de Vocabulaire vun der akustescher Gittar als Solo-Instrument erweidert hunn.

Grad wéi seng Virgänger, zéckt den 28 Joer alen Ryley Walker och net ze experimentéieren, fir sech vu steiwe Gewunnechten ze léisen. Iwwer seng lescht véier Alben huet hie sech lues a lues vu vergaangenen Traditioune emanzipéiert. Vu 70er Folk, iwwer psychedelesche Pop a Rock ... de Ryley Walker huet sech méi a méi u progressiv Musek erugeschlach, an dat héiert ee ganz däitlech op senger neier Plack "Deafman Glance" eraus ... Synthie fëllen den Hannergronn, d'Jazz Flütt gouf ausgepaakt, an d'Stécker si méi komplex strukturéiert, wéi ee vum Ryley Walker bis ewell gewinnt war.

Duerchduecht Stécker mat vill Detailer

De Ryley Walker huet op "Deafman Glance" méi rigid Lidderstrukture festgehalen. "I don't want to be jammy acoustic guy anymore" seet de Folkmuseker am Virfeld vun der Verëffentlechung vu senger neier Plack dëse Freideg. Déi laang Improvisatioune ronderëm een oppenen Akkord stinn net méi esou am Virdergrond, d'Stécker si méi duerchduecht, mat ville Wiessel a lauter kleng wonnerbar Detailer. "Deafman Glance" ass dem Ryley Walker seng progressiv Musek Eskapad. E vill-schichtege Mix, deen de Kapp an d'Wolleken hieft. Eng ganz Palett vun Aflëss sinn an der Loft; Folk, Jazz, Indie Rock an divers Kläng, déi immens besënnlech zesummegeflecht goufen...

Psychedelesch Folkmusek mat Ecken a Kanten

"Deafman Glance" ass am Ryley Walker senger Heemecht opgeholl ginn: Chicago. Eng Stad, an där experimentell Rockgruppe wéi ënner anerem Tortoise entstane sinn, déi an den 90er e groussen Afloss haten. Musek, déi de Ryley Walker net kal gelooss huet. Op senger neier Plack hantéiert hien och mat verschiddenste Sounds, Field Recordings an Disharmonien, déi senger psychedelescher Folkmusek déi néideg Ecken a Kante ginn.

Chicago ass och duerch déi divers Museker vertrueden, déi op "Deafman Glance" matwierken. Dorënner de Flüttist Nate Lepine a Batteur Mikel Avery. Weider Gittar-Spure koume vu Kolleege Brian J. Sulpizio a Bill Mackay, mat deem de Ryley Walker d'lescht Joer den instrumentalen Album "SpiderBettleBee" opgeholl huet.

"Deafman Glance" ass en immens kontemplativen Album vun engem Museker, dee géint d'Stereotyppe vum Folk Genre kämpft an d'Sich no senger eegener Stëmm éierbar weiderféiert. De Ryley Walker hëlt déi britesch an amerikanesch Folktraditioun als Ausgangspunkt. An unhand vun enger klorer Visioun a verdreemten Elementer huet hien op senger neier Plack intrigant Tonalitéiten erausgelackelt.