Radioen

On air

De Moien  |  LA Priest - City Warm Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Latin Beats mat James Brown-änleche Basslinnen

Earth, Wind and Fire - Shining Star

Sample vun der Woch: Latin Beats mat James Brown-änleche Basslinnen

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

"That's the Way of the World" ass dee sechste Studioalbum vun der amerikanescher Band. Et ass och de Soundtrack vum Film mam selwechten Numm, an deem verschidde Bandmembere mini Optrëtter haten. Rolling Stone Magazin klasséiert den Album #486 op senger Lëscht vun de 500 Greatest Albums of All Time. Bis elo goufe vum Album iwwer dräi Milliounen Exemplairen eleng an den USA verkaf.

Schonn 1974 gouf un engem Film vum Filmdirekter Sig Shore geschafft, mat deem hien d'Museksindustrie wollt bloussstellen. Den Harvey Keitel huet de Chef vun enger Plackefirma gespillt, d'Membere vun Earth, Wind & Fire eng naiv, onbekannt Newcomer Band. D'Participatioun am Film war limitéiert op eng kleng Roll fir de Maurice White an e puer Membere vun der Band. Parallel zum Film huet d'Band d'Lidder opgeholl fir am Film ze benotzen. Wéi d'Band de fäerdege Film gesinn huet, hu si gefaart, e géif e Flop an hunn decidéiert den Album virun der offizieller Verëffentlechung vum Film erauszebréngen. Fir d'Band war den Album e grousse Aschnëtt: Et war e wichtegen Album fir si, deen entscheet huet, ob si eng Mainstream Grupp géife ginn oder just en R&B Akt géife bleiwen. Zu där Zäit, déi anescht war wéi haut, waren nach net wierklech vill schwaarz Kënschtler am Mainstream. Si hate schonn zwee Gold Alben, "Open Our Eyes" an "Head to the Sky", awer trotzdeem woussten déi meescht net, wie si waren.

Wärend de Film leider gefloppt huet, huet den Album der Band eng Plaz ënner de wichtegste Bands vun hirer Zäit geschenkt. Den typesche Sound vun der Band, dee si mat dësem Album konsolidéiert hunn, ass charakteriséiert als latin Beats mat James Brown-änleche Basslinnen, gemixt mat melodesche Funk-Improvisatiounen. D'Texter sinn deelweis reliéis, de Maurice White benotzt se fir d'Grenze vum schwaarzen Amerika ze iwwerwannen a säi Message fir Fridden ze verbreeden. Hien adresséiert sech awer un all Nolauschterer. Den Album krut meeschtens positiv Kritik. Den Titeltrack "Shining Star" ass domadder deen éischte grousse Succès vun der Band. Den Track ass geschriwwe vum Bandleader Maurice White a si hunn domat e Grammy gewonnen.

De positiven an optimisteschen Track gouf fir eent vun den aggressiivste Lidder vu Public Enemy gesampelt. Effektiv koum am Joer 88 hire "Prophets of Rage" eraus. Hiert Lidd gouf esou bekannt, datt si virun Kuerzem eng Spin-off Grupp zesumme mat Membere vun anere Gruppe gegrënnt hunn, déi och "Prophets of Rage" heeschen.

Eng méi liicht Versioun vu "Shining Star" koum och am Joer 1998 eraus. Hei sinn d'Membere vun Wu-Tang Clan zesummen um Earth, Wind and Fire Sample ze héieren. Sunz Of Man rappen hei zesumme mam verstuerwenen Ol' Dirty Bastard iwwer e Beat vum Wyclef Jean.