Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine, Fiona Apple - All in Good Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: A Taste of Honey - Rescue Me

Bobby Bieles

Sample vun der Woch: A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf. De Bobby Bieles huet sech op d'Sich nom Sample gemaach.

auto_stories

2 min

A Taste of Honey hu sech nom Herb Alpert sengem Lidd "A Taste of Honey" genannt. Am Ufank hu si sechs Joer laang getourt, ouni bei engem Label gesigned ze sinn. Si hu fir d'éischt an den USA gespillt, du si si bis a Spuenien, Marokko, Taiwan, Thailand, Philippinnen, Südkorea a Japan geflunn, fir ze spillen.

Wéi si zeréck op Los Angeles koume fir an engem Club ze spillen, goufe si vun zwee Plackeproduzente gesinn, de Fonce a Larry Mizell. Si hunn doropshi Capitol Records iwwerzeegt, hinnen eng Auditioun ze ginn an hunn e Kontrakt vu fënnef Albumen ënnerschriwwen.

Déi éischt Single, "Boogie Oogie Oogie", vun hirem Debutalbum "A Taste of Honey", war dräi Wochen op der Nummer 1 an den Top 100 Charts am Joer 1978 a gouf zwou Millioune Mol verkaaft. Der Grupp gouf fir dës Singel duebel Platin zertifiéiert a krut de Grammy Award fir de Beschten neie Kënschtler am Februar 1979.

Ëm 1980 huet d'Perry Kibble Grupp verlooss an d'Janice-Marie Johnson ass elo just nach mam Hazel Payne zesummen. Hir nächst Singlen hu leider net méi deselwechte kommerziellen Erfolleg wéi "Boogie Oogie Oogie", mee "Rescue Me" gouf awer e Klassiker aus der Kategorie Eighties Funk.

Dëst Lidd staamt vum Album "Twice as Sweet", deen integral vum George Duke produzéiert gouf. Et erkennt een dem Duke seng Léift fir Funk an Jazz Fusion an den Disco Produktiounen fir "A Taste Of Honey".

Den Track gouf eng Dose mol gesampelt, e bësse méi en oldschool Beispill ass hei de Positive K mat sengem "I Got A Man" vu sengem Album "The Skills Dat Pay da Bills" vun 1992.

Fir seng Zäit war dat e mega Erfolleg, well hie méi wéi eng hallef Millioun Maxie verkaaft krut.

Virun e puer Méint koum dem Wiz Khalifa säi "Big Daddy Wiz" eraus. De Girl Talk huet dat Lidd fir dem Wiz säin Album "Multiverse" produzéiert.