Bobby Bieles Sample vun der Woch: Arawak - Accadde A Bali

Arawak ass en italieenesche Museksprojet vum verstuerwene Benito Simoncini. Hien huet den Alias ​​​​Arawak benotzt fir d'Musek, déi hien als "Library Musek" empfonnt huet.

Bobby Bieles / cbi

e51.jpg

De Simoncini war en italieenesche Pianist, Arrangeur an Dirigent. Hien huet a senger Karriär als Komponist fir Soundtracks an Hannergrondmusek fir Radio an Televisioun an Italien geschafft.

Am Joer 1970 huet de Simoncini den Album "Accadde A......." bei engem wéineg bekannte Label mam Numm Squirrel Records erausbruecht. Et ass eng wonnerschéin a villfälteg Plack, déi sech u Musek vun der ganzer Welt inspiréiert.

Internationale Sound

All d'Lidder op dësem Album hunn Nimm vu verschiddene Stied aus der ganzer Welt, déi de Sound vun deem bestëmmte Lidd beaflossen. Zum Beispill bei "Accadde A Belfast" sinn iresch Duddelsäck am Hannergrond ze héieren, begleet vun engem schwéiere Beat an enger staarker Bassline.

"Accadde A Bahia" besteet aus brasilianesch Grooves, gespillt vun enger akustescher Gittar, an esou geet et um ganzen Album weider. "Accadde A Bali" gouf schonn op engem Compilatiounsalbum mam Numm "Dusty Fingers" verëffentlecht, deen 1998 bei Strictly Breaks Records erauskoum.

Mee esou richteg bekannt gouf den Arawak eréischt, wéi de Madlib "Accadde A Bali" gesampelt huet. Hien huet e benotzt fir säi klassesche Quasimoto Album "The Unseen" am Joer 2000, an zwar sampelt hien dem Arawak seng Flütt um Lidd "Real Eyes".

Den Track trëtt ëmmer erëm an der Hip-Hop Landschaft op, zum Beispill viru Kuerzem beim dätsche Rapper Tom Hengst a sengem "Trickbetrüger", deen 2019 erauskoum.

Mee och am House gouf de Sample benotzt, wéi zum Beispill beim Harry Wolfman sengem "Portal Gun" vun 2018:

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen