Radioen

On air

Notturno  |  William LX - Carmelo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Dynasty - Adventures in the Land of Music

Bobby Bieles

Sample vun der Woch: Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er. Et muss ee just e puer Noute vun de Whispers, Shalamar oder Midnight Star lauschtere fir ze checken, datt déi Placke beim Dick Griffey sengem Label erauskoumen.

An deem Kontext ass och Dynasty entstanen, si waren zwar net esou grouss wéi d'Whispers oder Shalamar, mee si hunn awer e puer wäertvoll Bäiträg zum Solar Katalog gemaach.

Eng gutt Mëschung vu männlechen a weibleche Stëmmen

Band war eng Kreatioun vum Label-Besëtzer Dick Griffey a Placke-Produzent Leon Sylvers. Dozou koumen nach de Bassist Kevin Spencer an d'Sängerinnen Nidra Beard a Linda Carriere. De Quartett gouf dacks mat Shalamar verglach, well en esou gutt männlech a weiblech Stëmmen zesummegemixt huet.

Dynasty spillen eng Mëschung vu liichtem Funk a cleverer Pop Musek an de spéide 70er an 80er. "Adventures in the Land of Music" koum 1980 op Vinyl eraus, an ass Dynasty säin zweeten Album - an et ass wuel dee wichtegste vun der Grupp, mat hirem gréissten Hit, "I've Just Begun to Love You", an och déi danzbar Single "Do Me Right".

D'Singles sinn net déi eenzeg Saachen, déi dësen Album vum Leon Sylvers eenzegaarteg maachen. D'LP huet och vill onvergiesslech Albumtracks, déi vun danz-orientéierten Nummere wéi "Ice Breaker", "Day and Night" a "Groove Patrol" bis zur Soulballad "Take Another Look at Love" ginn. Dynasty ass am meeschte bekannt fir Up-Tempo-Disco-Geschier, mee "Adventures in the Land of Music" weist, datt d'Grupp kapabel war gutt Sample-Material ze schreiwen.

"Luchini AKA This Is It" ass déi eenzeg Single vu Camp Lo sengem Debutalbum, "Uptown Saturday Night". D'Lidd gouf vum Produzent Ski komponéiert an huet niewent Dynasty och d'Drums aus dem Lidd "All Night Long" vu "Mary Jane Girls" benotzt. D'Lidd gouf 1997 dem Camp Lo säi gréissten Hit.

"Pour les filles" ass den Numm vum éischte Solo Projet vum TTC Member Cuizinier. Hie mécht mat "Très chic" e witzege B-More Remix vun Dynasty, zesumme mat sengem Cousin, den Tekilatex. En ass produzéiert vun hirem DJ, den Orgasmik a koum 2005 eraus.