Sly & the Family Stone - Sing A Simple Song Sample vun der Woch: Een Deel Hip-Hop Geschicht

Ee vun de bekanntste Breaks, déi am Hip-Hop gesampelt goufen: op ganze 462 Lidder. D'Original koum 1968 eraus. De Bobby Bieles huet sech op d'Sich nom Sample gemaach.

Bobby Bieles / cbi

e34.jpg

Ee vun de bekanntste Breaks, déi am Hip-Hop gesampelt goufen. Ënner Break versteet een hei en Deel vun engem Lidd, wou all Instrument aussetzt ausser d'Batterie.

"Sing A Simple Song" vu Sly & the Family Stone gouf op ganze 462 Lidder gesampelt. D'Lidd koum 1968 op hirem véierten Album "Stand!" eraus.

Den Album gëtt allgemeng als e kulturellen, historeschen an ästheetesche Meilesteen ugesinn. E war och e kommerziellen Erfolleg an huet sech zu méi wei dräi Milliounen Exemplare verkaf.

Ee Melting Pot

"Sly & the Family Stone" goufen 1966 zu San Francisco gegrënnt. Si spillen eng Mëschung vu Funk, Soul a psychedeleschem Rock. Sly Stone war de Singer/Songwriter a Bandleader. De Rescht vun der Band ware véier Geschwëster vun der Stone-Famill mat e puer Kolleegen zesummen.

Esou komesch dat och haut klénge kann, war et och déi éischt gréisser amerikanesch Formatioun, déi Männer a Frae vun verschiddener Hautfaarf an enger Grupp vereent huet. Op hirem Album "Stand!" ware si immens sozial kritesch, mee si bloufen awer ëmmer duerch hir Musikalitéit fir de breede Publikum accessibel.

Hir Aflëss sinn ze fanne bei James Brown, Motown, Stax a psychedeleschem Rock. Si mësche verzerrt Uergele mat wah-wah Gittare bis zu Gospel: fir dës Zäit war et e richtege Melting Pot.

All Funk-Musek, déi no hinnen erauskoum, gouf quasi vun hinne beaflosst, besonnesch de Sound vun Parliament a Funkadelic. Eng vun den Maxie vum Album war d'Lidd "Sing A Simple Song". De berüümte Break kennt bei der zweeter Minutt a 12 Sekonnen.

Eleng déi Perkussioun huet fir sech e ganzen Deel vun der Geschicht vum Hip-Hop geschriwwen. Wéi gesot bal fënnefhonnert Lidder sinn op Basis vun dësem Break entstanen. Dacks ass d'original Lidd net direkt erkennbar, well just de Sound vun der Snare oder der Kick geholl gouf.

Et geet vun Dr. Dre "Deep Cover", bis zu "Temptations" vum 2Pac, "Sound of Da Police" vum KRS ONE, DeLaSoul, Public Enemy, J Dilla, MC Solaar, Redman, EPMD, Pete Rock, Snoop Dogg, Das EFX, Ice-T, Jodeci, MOP, Kriss Kross, Common, Run DMC, Wu-Tang Clan, Digital Underground, Cypress Hill, Arrested Development, mee och Leit, déi net am Hip-Hop sinn, wéi Alanis Morissette oder souguer oder Spice Girls.

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

e33.jpg
Sample vun der Woch

De Song "Say it Loud I'm Black and I'm Proud" ass 1968 um Album mam selwechten Numm bei King Records erauskomm. E gouf 224 mol gesampelt an ass bis haut ee vun de beléiftste Samples fir Hip-Hop-Producer.

Dorothy's Harp
Sample vun der Woch

Dëst Lidd war ursprénglech eng franséisch Chanson vum Michel Legrand an huet "Les moulins de mon cœur" geheescht. Et gouf vu villen Artiste gecovert.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen