Radioen

On air

Notturno  |  Ziad Rahbani - Mays'elrim

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Op der Sich nom Sample

Sample vun der Woch: Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt. D'Lidd gouf iwwer 220 Mol gesampelt, de Bobby Bieles stellt der e puer vir.

auto_stories

2 min

Den Doud vum Drummer John Bonham am September 1980 markéiert d'Enn vun der Band, déi kontinuéierlech an der selwechter Opstellung mam Sänger Robert Plant, Gittarist Jimmy Page a Bassist John Paul Jones aktiv war.

Musikalesch war Led Zeppelin ee vun de Pionéier vum Hard Rock, Blues Rock, Progressive Rock an dem Heavy Metal, dee gewuess ass, huet awer och Aflëss aus dem Folk mat agebonnen.

"When the Levee Breaks" ass e Blues-Lidd vun 1929, mee Led Zeppelin huet dem Lidd 1971 en neien Touch ginn. Si hunn Deeler vun den Texter geännert, an et an "en hypnotesche Blues-Rock Mantra" ëmgewandelt.

Weltënnergangszenario

Hir siwe-Minutte-Reeditioun vum Lidd ass am Beschte bekannt wéinst dem John Bonham sengem eenzegaartegen Drumpart, opgeholl an engem Trapenhaus am Hampshire an England.

Fir d'Atmosphär vun enger ënnergaangener Welt ze simuléieren huet de Jimmy Page vu Led Zeppelin verschidde Produktiounstricke benotzt, dorënner Echo, hannerrécks gespillten Harmonika, a méi lues gespillte Spueren.

Led Zeppelin huet d'Lidd 1971 als lescht Stéck op hirem véierten Album erausbruecht, dee sech Millioune Mol verkaaft huet. Dësen Album definéiert net nëmmen de Led Zeppelin Sound, mee dee vum ganzen Hard Rock aus de 70er. Wéinst der komplexer Produktioun huet d'Band d'Lidd nëmme seele live gespillt. "When the Levee Breaks" gouf direkt bei senger Sortie vun der Kritik gelueft.

D'Lidd gouf iwwer 220 Mol gesampelt. E klassescht Beispill sinn d'Beastie Boys mat hirem "Rhymin & Stealin", dat 1986 op hirem éischten Album "Licensed to Ill" war.

Den Titel hate si zesumme mam Rick Rubin komponéiert.

Den Titel gouf dacks an anere Rap Lidder gesampelt, mee erstaunlecher Weis och vu Coldcut, um witzege "More Beats + Pieces".

Si mixen déi bombastesch Drums vu Led Zeppelin hei mam Prokofiev sengem "Peter und der Wolf".

Mee dem Bobby Bieles seng Liblingsversioun ass déi vun der Björk am Joer 1993.

Si sampelt "When The Levee Breaks" fir hiren "Army of Me" doraus ze maachen, dat war op hirem zweeten Album "Post".