Sample vun der Woch Paul Mauriat - Melancholy Man

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

Bobby Bieles / tt

e29.jpg

De Paul Mauriat a säin Orchester hunn 1971 "Melancholy Man" erausbruecht, ze fannen um Album "El Condor Pasa".

De Mauriat ass e franséische Komponist vu Marseille, deen eng ganz produktiv Karriär hat. Hien huet iwwer 1.000 Concerte gespillt a 1.500 Lidder erausbruecht. Hie war Dirigent an engem vun den éischte Pop-Jazz Orchesteren an de 40er a 50er Joren an zu dëser Epoch enorm vill op Tournée. Zu engem spéideren Zäitpunkt gouf hie Studio-Komponist an Arrangeur fir Kënschtler wéi zum Beispill der Mireille Matthieu.

Hien huet och vill Soundtracke geschriwwen, wéi zum Beispill dee ganz bekannte "Gendarme de St.Tropez", oder "Faites sauter la banque" vun 1964. Mee deen heiten Album "El Condor Pasa" ass brillant. E besteet aus funky cinematographeschen Elementer, mat engem soulfulen Twist. All Keyboard-Nout, Drumschlag oder Bassline ass on point. Et kléngt e bëssen no Seventies-Fernsee-Krimi-Serië-Soundtrack, mat e bësse Bigband a Latin Influenzen. Et erënnert och e bëssen u Blaxplotation Filmer.

De Mauriat gouf reegelméisseg gesampelt, wéi zum Beispill vum Jaylib um Lidd "Mc Nasty Filth".

Dat war um Album "Champion Sound" vun 2003 beim Label Stonesthrow ze fannen. Jaylib ass eigentlech eng Kollabo tëschent Madlib, deen hei d'Produktioun gemaach huet an dem J Dilla, deen hei rappt, dat Ganzt begleet vun der Grupp Frank-n-Dank. Am Videoclip zu dësem Lidd hänke si all ganz klischeehaft am Stripclub zu Los Angeles.

2003 huet de Phil Da Agony de Sample e bëssen anescht benotzt. Säi Lidd "Train Hard" war ze fannen op senger Mixtape "Smoke Fest". Phil Da Agony ass e Westcoast Underground MC, Member vun der Likwit Crew. Hien ass e respektéierte Freestyler a gehéiert zu der Entourage vun Dilated Peoples.

De Rapper a Producer Necro huet och dem Mauriat säi Lidd benotzt fir en Track ze bauen, mee mat engem Sample, deen zu engem spéideren Zäitpunkt am Lidd kënnt. Hien huet domadder säi "Reflection Of Children Coming Up In The Grave" gebaut.

Dat war op sengem drëtten Album "The Pre-Fix For Death", deen 2004 op Psycho Logical erauskoum. Necro rappt a produzéiert alles selwer an ass de stolzen Erfinder vum Deathrap, dat ass eng Mëschung tëschent Metal an Hip-Hop. Den Necro traut sech hei eng ganz geféierlech Mëschung: hie mixt de Mauriat mat original Opname vum Charles Manson op sengem Lidd.

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

wystraete.jpg
SAMPLE VUN DER WOCH

De Sample vun der Woch kënnt vum Bernard Wystraete, deen 1969 mat sengem Orchester eng Reprise vun der Grupp Wallace Collection opgeholl: "Daydream". 2001 huet den Danny Dan The Beat Mann d'Lidd fir eng Breakbeat-Kompilatioun opbereet.

verocai.jpg
SAMPLE VUN DER WOCH

30 Joer laang duecht den Arthur Verocai, säin Album wier ee Flopp gewiescht. Bis zum Joer 2000: Beatmaker wéi de Madlib an MF Doom hunn den Album zu neiem Liewen erwächt. Eise Sample vun der Woch.

e22.jpg
Sample vun der Woch

D'Lidd E.V.A. gouf vum Jean-Jacques Perrey komponéiert. Am Laf vun der Zäit gouf d'Lidd dacks gesampelt, ënner anerem vu Gang Starr, House of Pain, Pusha T, a war och um Soundtrack zu Ocean's 8 ze héieren.

Eddie Kendricks - My People... Hold On
Sample vun der Woch

1972 huet Eddie Kendricks dat heiten Lidd erausbruecht: "My People... Hold On". Als Sample-Detektiv erzielt de Bobby Bieles d'Geschicht vum Lidd a wou een d'Bestanddeeler erëmfanne kann.

Net verpassen

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen