Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: The Brothers Johnson - Tomorrow

Bobby Bieles

Sample vun der Woch: The Brothers Johnson - Tomorrow

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war. Den George Johnson war de Gittarist. Hie gouf och "Lightnin' Licks" genannt. Säi Brudder Louis "Thunder Thumbs" Johnson huet Bass gespillt. Si hunn hir éischt Band gegrënnt, Johnson Three Plus One, wéi si nach an der Schoul waren. Deemools hunn hiren eelere Brudder Tommy an hire Cousin Alex Weir och matgespillt. D'Band huet Kënschtler wéi Bobby Womack oder The Supremes op hire Concertstoure begleet.

Johnson Three Plus One huet sech 1971 opgeléist, wéi de George an de Louis Johnson sech dem Billy Preston senger Backing-Band ugeschloss hunn. De Weir huet spéider Gittar mat Talking Heads an Tom Tom Club gespillt.

Vu Michael Jackson bis George Benson

Wéi de George an de Louis Johnson dem Preston seng Band am Joer 1973 verlooss hunn, ware si etabléiert Songwriter a Sessionmuseker. 1974 hu si de Quincy Jones op senger US-Tour begleet. De Quincy Jones gouf de Mentor vun de Bridder Johnson. Si hunn op sengem Album "Mellow Madness" vun 1975 gespillt, zu deem si och véier Kompositioune bäigedroen hunn. 1976 huet de Quincy Jones d'Johnson Brothers bei A&M Records, deen him deemools gehéiert huet, ënnerschreiwe gelooss. Hien huet hiren Debutalbum, "Look Out for #1" produzéiert, deen #1 op den R&B Album Charts erreecht huet. Si hu sech 1982 getrennt an hu bis dohinner nach weider Hitte produzéiert wéi zum Beispill "Stomp" oder "You Keep Me Coming Back". De Louis Johnson gouf souguer spéider invitéiert, fir um Michael Jackson sengem "Thriller" baizedroen, et ass hien, deen déi bekannt Basslinn op "Billie Jean" spillt. Kaum ze gleewen, datt et och hien ass, deen d'Bass beim George Benson sengem "Give me the Night" an och op "I Keep Forgetting" vum Micheal McDonald spillt.

Vu Buckwild bis Grand Puba

Mee hei schwätze mIr vun engem Lidd vun den Johnsons hirem Debut-Album, an zwar "Tomorrow". Wärend dem Lidd gëtt et e klenge Break bei der 48. Sekonn, dee vum Buckwild benotzt gouf fir dem O.C. säi "Far from Yours" hierzestellen. D'Lidd featured déi deemoleg RnB Kinnigin Yvette Michele a kënnt vum O.C. sengem bombasteschen zweeten Album "Jewels" vun 1997.

Mee de Grand Puba hat de Sample scho virdrun benotzt, an zwar op sengem "Amazing" vu sengem Album "2000", deen 1995 erauskoum.