Radioen

On air

Notturno  |  Between Shelves - Cornered

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fabio Frizzi - The Beyond

Sample vun der Woch

Fabio Frizzi - The Beyond

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

Deen italieenesche Filmdirekter Lucio Fulci huet 1981 ee vu senge Meeschterwierker erausbruecht, an zwar dee kulteschen Film "The Beyond" mam Soundtrack komponéiert vum Fabio Frizzi. Wann Dir jeemools en italieeneschen Horrorfilm gekuckt hutt, da sinn d'Chancë grouss, datt Dir schonn e Lidd vum Frizzi héieren hutt. Hie komponéiert nämlech Filmmusek zanter hien 23 Joer al ass an huet sech zimmlech séier op den Horrorgenre spezialiséiert.

De Frizzi a Lucio Fulci hu schonn dacks op aner Filmer zesummegeschafft, mee deen heiten ass ganz besonnesch interessant. De Frizzi seet nämlech, et wier déi éischte Kéier, wou hien Opname vun enger Live-Band an engem Orchester konnt mixen. Effektiv geet seng Musek a vill Richtungen: vum klassesche Leitmotiv um Piano gespillt, bis zur funky Bassline, bis zu richtegem progressive Rock ass alles dran. Seng grouss Innovatioun war och Sounds vu sengem Mellotron Keyboard mat engem richtege Chouer ze vermëschen, wat dat Ganzt nach méi grujeleg mécht. Dem Rollingstone-Magasinn no ass dat deen eeleft beschten Horrorfilm-Soundtrack, dee jee geschriwwe gouf. Fir Amateure vun dësem Genre kéint ee soen, datt et eng Mëschung vu Goblin an Ennio Morricone ass. D'Melodië si catchy a baue sech progressiv bis zum grousse Finale op.

De Meeschter vum Horrorfilm-inspiréiertem-Rap aka den Necro ass natierlech deen éischten, deen dësen düstere Sample benotzt huet, an zwar fir säi Lidd "As Deadly As Can Be". Dat ass den eeleften Track vu sengem Album "Death Rap". Den Necro komponéiert seng Beats ëmmer selwer, säi Brudder, den Ill Bill, ass och gefeatured. Et koum 2007 op sengem eegene Label Psycho+Logical-Records eraus. Inhaltlech ass et e bëssen eng Hommage un de Fulci, et ass eng Opzielung vu grujelege Biller a Situatiounen, déi perfekt bei dës Musek passen.

Postmortem, eng Hardcore Band aus Kazakhstan, hunn dee selwechte Sample 2007 op hirem Album "Macabre" och benotzt.