Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sampling no alle Reegele vun der Konscht

Autorerechter

Sampling no alle Reegele vun der Konscht

An Däitschland ass e Museksproduzent, deen e Sample vu Kraftwerk benotzt huet, duerch e Geriichtsuerteel entlaascht ginn. Feuilletoniste begréissen dat. Mä wat ännert konkret fir Museker?

auto_stories

4 min

Net just an Däitschland freeë sech d'Kommentatoren iwwert d'Uerteel vum Bundesverfassungsgericht. Sampling géif endlech als Konschtform unerkannt ginn. Karlsruhe huet eng Decisioun vum Bundesgerichtshof vun 2012 zeréckgewisen, déi d'Distributioun verbitt vum Sabrina Setlur-Song "Nur mir". De Produzent Moses Pelham hat am Lidd e Sample vu Kraftwerk benotzt. Den Elektro-Pionéier Ralf Hütter vun der bekannter däitscher Band Kraftwerk hat dowéinst géint de Produzent geklot.

Wéi geet et weider?

Dat géif net bedeiten, datt Museker elo sämtlech Samples kënne fräi benotzen, ouni dat virdru mat den Ayant droiten ze klären, erkläert de Marc Nickts vun der Sacem Lëtzebuerg. D'Uerteel ass nämlech nach net definitiv : Als nächst muss de Bundesgerichtshof nei tranchéieren. Duerno kéint de Fall virun den Europäesche Geriichtshaff goen.

Interessant ass, datt d'Verfassungsgericht spezifesch déi kuerz Durée vum Kraftwerk-Sample consideréiert huet. Ënner Museker gouf et zwar Rumeuren, datt Samples bis eng gewëss Längt, zum Beispill dräi Sekonnen, erlaabt wieren. De Marc Nickts seet awer, datt d'Längt vun engem Sample bis elo juristesch gesinn egal ass.

Rechtleche Kader erméiglecht Sampling

D'Technik vum Sampling ass zanter de spéide 70er Joren an der Pop-Musek wäit verbreet. Ëmmer nees koum et an deem Kontext och zu spektakuläre Geriichts-Prozesser. Meeschtens konnten d'Artiste mat den Ayant droiten en Accord fannen. "De rechtleche Kader gëtt déi Flexibilitéit fir dat ze negociéieren, fir datt jidderee ka Sampelen notzen, sou laang hie seng Rechter mat deene jeeweilege Leit kläert", seet de Marc Nickts.

Déi aktuell rechtlech Situatioun géif scho ganz vill erméiglechen. Grad, wann eng ganz Melodie oder e puer Täkt gesampled ginn. Allerdéngs wär e bessere gesetzleche Kader virun allem bei kuerze Samples sënnvoll. Et dierft awer schwéier ginn, fir eng Grenz ze definéieren.

Samples als Bausteng

"Ech klären definitiv net alles mat den Auteuren of, muss ech ganz éierlech zouginn", seet de Jacques Rasic. Hien ass Beatmaker bei Freshdax a schafft mat Artisten, wéi T the Boss. Heiansdo géif een e klenge Sound op enger Plack fannen an ophuelen. Dat kéint zum Beispill just een eenzele Trommel-Schlag sinn. "Du sammels all déi kleng Deelercher an engem Dossier. An zéng Joer duerno fënns du se nach eng Kéier erëm. An fann da mol raus, wou se hierkommen." Hie géif awer probéieren déi Problematik ze ëmgoen, andeems hie manner Samples benotzt.