Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Say It Loud I'm Black and I'm Proud" - ee politesche Sample

Sample vun der Woch

"Say It Loud I'm Black and I'm Proud" - ee politesche Sample

De Song "Say it Loud I'm Black and I'm Proud" ass 1968 um Album mam selwechten Numm bei King Records erauskomm. Google no gouf de Song 244 Mol gesampelt an ass domat ee vun de beléiftste Sample-Materialie fir Hip-Hop-Producer.

auto_stories

2 min

Den Track ënnerscheet sech vun den anere Lidder vun der Plack duerch säin extreem catchy Refrain.

Et war dem James Brown säi politeschste Song a senger Karriär. Hien huet de propperen R'n'b vun den Ufäng 60er hanner sech gelooss an trëtt hei selbstbewosst a militant op. Effektiv seet de Brown am Lidd "Say it loud", wourop s him e Chouer vu Kanner "I'm black and I'm proud" äntweren.

E politesch staark konnotéierten Track

De Brown kënnt hei richteg rosen eriwwer, mee hien huet spéider a senger Biographie erkläert, datt de Song mëssverstane gouf. Hie seet, datt de Song deemools, wéi en erauskoum, absolut noutwendeg war, mee hien awer ni wollt, datt en zu enger Rassentrennung féiert.

De Song koum nämlech an enger extreem ugespaanter Zäit eraus, virun allem zu Los Angeles, wou de Song och opgeholl gouf. Deemools gouf et massiv Protester vu Leit, déi fir Gläichberechtegung an zivil Rechter gekämpft hunn.

De Song war esou politesch konnotéiert, datt en eng inoffiziell Hymn fir de "Black Panthers"-Mouvement gouf. Déi alleréischt Silb vun dësem Lidd gouf Honnerte vun Kéiere gesampelt, sief et zesumme mat Beat am Hannergrond oder ouni.

Dee klengen Deel vum Brown sengem Lidd ass dacks net direkt erkennbar, mee eleng dee Sample fir e Lidd ze benotzen ass a sech schonn e politesche Statement. De Brown gëtt bei deem heite Beispill net wéinst der Musikalitéit vu sengem Lidd benotzt, mee wéinst dem Engagement vu sengem Message.

Am golden Age vum Hip-Hop gouf dëse Sample wéi gesot Honnerte vun Kéiere benotzt, vu Public Enemy, bis zu Kool G Rap, Cypress Hill, Gang Starr, NWA, Brand Nubian, LL Cool J, EPMD, Eric B and Rakim, Pete Rock and CL Smooth an esou weider.

En interessant Beispill, bei deem een de Sample besser eraushéiert ass vläicht nach Slum Village mam Lidd "I Dont Know". Den Jay Dee, hire Beatmaker, spillt hei ganz Deeler vum Brown sengem Lidd an a spréngt gekonnt tëschent Rap an James Brown hin an hier.