Radioen

On air

Trendscheif  |  Bruno Berle - New Hit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Scarred um Eurosonic Festival

Metal

Scarred um Eurosonic Festival

D’Death-Metal Band “Scarred” wäert Lëtzebuerg am Januar 2016 bei där 30. Editioun vum Eurosonic Festival vertrieden. D’Manifestatioun zu Groningen, am Norde vun Holland, ass ee vun deene wichtegste Rendezvouse fir den europäesche Museks-Marché.

auto_stories

2 min

De 24. September goufen déi éischt 30 Nimm vun der Editioun 2016 vum Eurosonic Festival bekannt gemaach. Dorënner och d’lëtzebuerger Metal-Band Scarred, déi op Invitatioun vum radio 100,7 wäert optrieden.

D’Manifestatioun zu Groningen, am Norde vun Holland ass ee vun deenen dräi wichtegste Rendezvouse fir den europäesche Museks-Marché. Den Eurosonic ass ee wichtegen Indicateur fir déi Nimm z’entdecken, déi an där nächster Saison op de grousse Museks-Festivalle wäerten optrieden. Ronn 350 Museker a Gruppen aus iwwer 40 Länner presentéiere sech all Joer virun engem Fachpublic.

D’European Broadcasting Union, de Reseau vun den ëffentlech-rechtlechen europäesche Radioen ass ee Partner vum Eurosonic. D’Membere vun der EBU bestëmmen een Deel vun der Affiche vum Festival. De radio 100,7 huet fir déi 30. Editioun vum Eurosonic d’Death Metal-Band Scarred désignéiert.

Dëst schéngt ongewéinlech bei engerm Showcase-Festival, deen de Fokus op Pop-Musek setzt. Allerdéngs sinn och vill grouss, skandinavesch Metal-Festivallen um Eurosonic vertrueden. D'Nomminatioun vu Scarred weist, datt Metal eng kulturell Realitéit vun dësem Land erëmspigelt. Déi ganz aktiv Zeen ass eng vun deene wéinege Géigebewegungen zum Establishment am duerchformatéierte Grand-Duché.

Links:
Website vu Scarred
Website vum Eurosonic
Annonce vun den éischten Nimm