Radioen

On air

De Moien  |  Plomm, deen neie Kannermusée

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schaarfsënneg Kritik un Technik a Gesellschaft

Bodega - Endless Scroll

Schaarfsënneg Kritik un Technik a Gesellschaft

Et ginn Albumen, déi kommen onscheinbar dohier, awer wann ee sech drop aléist, pake si een einfach. Den Album vun der Woch "Endless Scroll" vun der New-Yorker Art-Rock-Band Bodega ass sou en Disk.

auto_stories

3 min

Nom fantastesch gudde Parquet Courts-Album "Wide Awake" kënnt mat "Endless Scroll" vu Bodega deen nächste Protest-Statement aus der Metropol un der Ostküst. "Two Chips on your Shoulder" widderhuelen d'Nikki Belfiglio an de Ben Hozie am Chouer, beim Opener-Track "How Did This Happen". Dat ass eng zweedeiteg Ausso: Et kann heeschen, datt si vun eppes enorm genervt sinn. Oder awer, datt et der geschwë laanscht d'Bake ginn. Bref - déi zwee Zeenarien treffen op "Endless Scroll" zou.

Op "Endless Scroll" héiert een eng Band, déi déi amerikanesch Gesellschaft wëllt waakreg rëselen. Déi dräi Fraen an zwee Männer si cash a vun der Long op d'Zong. Et gëtt kee Blat virun de Mond geholl, fir schaarfsënneg Observatiounen a fir Kritik un Technik a Gesellschaft Loft ze maachen. Den Titel vum Album - Endless Scroll - bezitt sech wuel op d'Timeline op soziale Medien, duerch déi een endlos ka scrollen.

Net just inhaltlech, mee och klanglech ginn et Parallellen zu Parquet Courts. Ee Grond ass, datt den Album vum Parquet Courts-Gittarist Austin Brown opgeholl gouf. Op Band, versteet sech, net digital.

New-Yorker Traditioun

An der Musek vu Bodega schwéngt awer och eng gewëss New-Yorker Traditioun mat. Zum Beispill Aflëss vu Gruppe wéi Television oder Velvet Underground. Ëmmer nees gëtt een awer virun allem u Sonic Youth erënnert. Net zulescht wéinst den zweestëmmege Gesangspassagen an den omnipresenten holzegen Trommelen. Allerdéngs ass d'Produktioun vu Bodega schlank, minimalistesch an desaturéiert, am Verglach zum Chaos-Rock vu Sonic Youth.

Maschinell, monoton a militaristesch kommen déi 14 Songs op "Endless Scroll" dohier marschéiert. Bodega maache Musek fir déi gro Stad. Bei deene seelenen Accordwiessele geet d'Sonn op. A bei deenen zwee Lidder, op deenen de Ben Hozie aus sengem konsequente Spriechgesang ausbrécht, kléngt dat scho bal kitscheg.

Keng Nostalgie

Et kéint ee Bodega, wéi allen neie Post-Punk-Bands virgeheien, datt hir Musek alles anescht wéi revolutionär ass. Gang of Four, B-52's oder The Fall hunn Enn de 70er Jore scho sou geklongen. Allerdéngs kann een dem Quintett och keng Nostalgie virgeheien. Déi schaarf Gittaren, déi dreiwend Beats an den nervöse Gesank passen an der aktueller Stëmmung wéi d'Fauscht op d'A. De batterséissen Humor an d'Danzbarkeet vum Protest sinn top aktuell.

Bodega hir Kritik un Technik a soziale Medien ass gerechtfäerdegt. Dat heescht awer net, datt si Hinterweltler sinn, oder e Liewen ouni Elektrizitéit géife propagéieren. Am Géigendeel, verschidde vun hire Videoe kann een an 360 Grad op Youtube kucken.

Nächsten Dënschdeg si Bodega fir e Concert zu Tréier am Ex-Haus.