Radioen

On air

De Moien  |  D-Train - You're The One For Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sech op Europa astëmmen

Euroradio Jazz Orchestra

Sech op Europa astëmmen

Den 9. Mee war Europadag. Fir vill vun eis eng Geleeënheet vun engem fräien Dag ze profitéieren. Datt een Europa och ganz musikalesch kann erliewen, weist de Projet Euroradio Jazz Orchestra. Hei begéine sech Jazzmusekerinnen an Jazzmuseker aus ganz Europa, fir wärend enger Woch zesummen un enger Kompositioun ze schaffen. A fir Lëtzebuerg ass dëst Joer den Tenorsaxofonist Joël Metz mat derbäi.

auto_stories

5 min

Vum 21. bis den 28. Mee vertrëtt den Tenor-Saxofonist Joël Metz Lëtzebuerg a Litaue beim Euroradio Jazz Orchestra. (Foto: Jean-Claude Majerus)

De Joël Metz "vill beschäftegt" ze nennen, wier en Euphemismus. Mat sengem Saxophon kënnt hien am Studio un, grad hat hien nach e Concert mat der Combo Saxitude, an där hien zënter Kuerzem Member ass. Eppes wat hie besonnesch freet, well et him d'Geleeënheet gëtt, nieft dem Robi Arend op der Bün ze stoen. Deem Mann, vun deem hien d'Saxophon-Spill als Kand geléiert huet.

Deel vum Euroradio Jazz Orchestra

Nieft sengem Engagement bei Saxitude ass de Joël Metz awer och nach selwer Enseignant am Conservatoire du Nord a bereet grad intensiv de Concours fir d'Militärmusek vir. Hei geet et awer net dorëm, Gammen ze prouwen. Et ass de Sportstest, deen usteet. Do ass et eigentlech guer keng sou eng schlecht Viraussetzung, wann ee vun engem Rendez-vous zum nächste muss sprinten.

An dotëscht gouf de Joël Metz och nach vun der EBU (European Broadcasting Union, zu där och de radio 100,7 gehéiert) ausgewielt, fir Lëtzebuerg dëst Joer a Litauen am Euroradio Jazz Orchestra (EJO) ze vertrieden. Den EJO gëtt et schonn zënter 1965. Dëst Joer ass déi éischte Kéier, datt de radio 100,7 sech un der Auswiel vun engem Kënschtler bedeelegt.

Um EJO kommen Jazzmusikerinnen an Jazzmuseker aus ganz Europa zesummen, fir eng Woch laang un der Ëmsetzung vun enger extra fir den Ulass geschriwwener Kompositioun ze schaffen. Eenzeg Konditioun ass, manner wéi 30 Joer al ze sinn.

Ier hien d'Invitatioun fir d'Rees a Litaue krut, huet de Joël Metz de Projet EJO net kannt. Mëttlerweil ass hien awer begeeschtert. Déi lescht Wochen huet hien domat verbruecht, sech am Netz unzekucken an unzelauschteren, wien seng Matmusekerinnen a Matmuseker sinn. Hie freet sech awer net nëmmen op d'Zesummespillen, mee och op d'Geleeënheet, fir Kontakter ze knäppen.

"Dat ass eppes, wourop ech mech wierklech freeën: deen internationale Spirit, a virun Allem den europäesche Spirit. Ech sinn immens gespaant, jonk Artisten a mengem Alter ze treffen a mat hinnen zesumme Musek ze maachen. Dat ass e Privileeg, dee kritt een net esou oft."

D'Phil Collins Big Band

D'Decisioun, d'Musek zu sengem Beruff ze maachen, huet de Joël Metz als Jugendleche getraff, nodeems den Dirigent vun der Schëfflenger Musek him d'Stéck "Picking up the Pieces" virgespillt huet, am Original vun der Average White Band. Ugedoen hat dem Joël Metz awer d'Versioun vun der Phil Collins Big Band aus dem Live-Album "Hot Night In Paris" vun 1999.

"Ech hunn dat Stéck eréischt kenne geléiert, wou ech d'Melodie gelies hunn. Op eemol huet de Chef vum Grupp mech gefrot: Kenns de net d'Opnam vun der Phil Collins Big Band? An ech weess nach, hien huet d'Prouf dee Moment ënnerbrach, well am Proufsall war keen CD-Player. Mir sinn eraus a säin Auto gaangen, hien huet d'CD dragemaach a mir hunn néng Minutten do gesiess a mir hunn dat bis hanne widder gelauschtert."

Ee Moment, deen dem Joël Metz seng Zukunft gepräägt huet, wéi keen aneren. Dat Stéck huet nämlech ee grousse Steen an d'Rulle bruecht. Ee Moment, dee schwéier a Wierder ze faassen ass, esou den Jazzmuseker.

"Ech hunn do déi Saxophon- a Piano-Soloe vun alle Museker gelauschtert an dat huet mech méintelaang nuets waakreg gehalen a mech motivéiert, fir Saxophon ze prouwen. Dat war de Moment wou ech gemierkt hunn, ech wëll Saxophon net nëmmen als Hobby maachen, mee ech wëll dat wierklech zu mengem Haaptberuff maachen."

Vun der Schëfflenger Musek huet säi Wee de Joël Metz do fir d'éischt op Amsterdam gefouert an dono op Rotterdam, wou hien a sechs Joer säi Bachelor a säi Master ofgeschloss huet.

Viru maachen, egal wéi schlëmm et gëtt

Och wann hien zougëtt, datt de Studium hie munch mol extrem gefuerdert an u seng Grenze bruecht huet, sou wosst hien awer vun Ufank un, op wat hie sech géif aloossen. Wéi verännert et engem seng Approche zur Musek, wann d'Passioun op eemol zur Flicht gëtt?

"Ech wosst vu vir eran, Musek ass net dat, woumat ee séier eng Plaz fënnt. Also hunn ech besser, ech spille gutt Musek an ech gi mir wierklech Méi. Effektiv ass mir ee Kader gesat ginn an et war op eng gewëssen Aart a Weis iwwerwältegend, mee et ass zum groussen Deel positiv fir mech bliwwen."

Op der Schoul huet hie Museker getraff, déi vill méi douéiert an avancéiert waren, wéi hie selwer. Op de sëllege Concerte war hien ëmmer nees vun de Museker begeeschtert. An och wann hien eng Zäit laang ee strenge Proff hat, deen him och vill negativ Saache gesot huet, huet hien et ni a Fro gestallt, weider Musek ze maachen.

"Et war ëmmer kloer: Egal wéi schlëmm dat heiten elo gëtt, iergendwann kann ech dovunner profitéieren."

Ausserdeem géif een och seng Perspektiv veränneren an erkennen, datt Talent guer keng esou grouss Roll spillt. "Et ass alles Aarbecht", seet de Joël Metz. Eng Aarbecht, déi dem Museker nach ëmmer Freed mécht, an déi hie vum 21. bis den 28. Mee a Litaue féiert, wou hien zesumme mam Euroradio Jazz Orchestra zwee grouss Concerte spillen däerf: De 26. Mee an der Philharmonie vu Kaunas an de 27. Mee um Vilnius Mama Jazz Festival.