Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Brandee Younger - Brand New Life Feat. Mumu Fresh

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Seed to Tree spillen um Eurosonic

Wichtege Showcase Festival

Seed to Tree spillen um Eurosonic

Fir d'Lëtzebuerger Indie-Band kann dësen Optrëtt e Sprangbriet bedeiten. De radio 100,7 huet de Quartett invitéiert. Als Member vun der European Broadcast Union kann den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg all Joer ee Concert vun der Programmatioun bestëmmen.

auto_stories

2 min

Um Eurosonic decidéiert sech all Joer am Januar an der klenger hollännescher Stad Groningen, wéi eng nei Talenter am Summer op de Festivalle wäerten optrieden. Iwwer 4.000 Professioneller aus der Museksbranche gi sech Rendezvous, an et stinn iwwer 340 Concerten op der Affiche.

De Choix ass grouss, an als Kënschtler muss eng grouss Viraarbecht geleescht ginn, fir potenziell Bookeren op de Gig ze kréien. Dat wëssen och Seed To Tree, déi schonn eng Rëtsch dëser Festivalle gespillt hunn.

Choix eng Evidenz

De Choix, datt Seed To Tree de 17. Januar zu Groningen wäerten optrieden, war fir d'Museksredaktioun vum radio 100,7 eng Evidenz. Si suivéieren d'musikalesch Aktualitéit zu Lëtzebuerg am Detail. A Seed to Tree hu virun allem sou vill Präsenz am Ausland gehat, datt déi meescht Festival-Leit hiren Numm op d'mannst scho mol gesinn hunn. Dat hëlleft, wann een dës Professioneller wëllt ulackelen.

Um neien Album "Proportions" hätte Seed to Tree gewisen, datt si eng erwuesse Pop Band sinn, seet den Yves Stephany aus der Museksredaktioun. Si géife sech net just un de Klischeeë vum Indie Folk orientéieren, mee géife Géigesätz beienee bréngen, si hätten e Gespier fir Stëmmungen a Kappkino, a si kéinte groussaarteg Lidder schreiwen.

Wéi geet et weider?

Et ass net wahrscheinlech, datt d'Carrière vu Seed To Tree nom Eurosonic sou duerch de Plafong goen, wéi déi vun Artiste wéi James Blake, Dua Lipa oder Jungle. Trotzdeem kéint de Festival e Sprangbriet fir d'Lëtzebuerger Band sinn.

Momentan cibléiere si haaptsächlech den däitsche Marché. Um Eurosonic kéinte si och aner Länner erschléissen. Virun allem géife si awer hoffen, datt interessant Festivalle kommen, an datt si och d'nächst Joer nees op schéine Plaze kéinten optrieden. Spéitstens duerno misste si awer nees an de Proufsall an an de Studio, fir um nächsten Album ze schaffen.


De Marc Clement am Gespréich mat Seed To Tree

Lauschterenplay_arrow