Radioen

On air

De Weekend  |  Steely Dan - Peg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Serge Tonnar: Géint all kommerziell Logik

Vun der Long op d'Zong

Serge Tonnar: Géint all kommerziell Logik

Am Kader vun der Summer-Programmatioun “Congés Annulés” vun de Rotonden diffuséiert de radio 100,7 all Méindeg Owend d’Emissioun Vun der Long op d’Zong live aus dem Kulturzenter zu Bouneweg. All Woch ass ee Museker op Besuch, deen op Lëtzebuergesch séngt. De Serge Tonnar war den Invité vum 10. August.

auto_stories

4 min

Den Eric Falcero an de Serge Tonnar

Am Gespréich viru sengem Optrëtt huet de Serge Tonnar erkläert, dass hien, wéi déi meescht Sänger ugefaangen huet op Englesch ze sangen, well dat d’Sprooch vun der Popmusek ass. Dass hien ugefaangen huet op Lëtzebuergesch ze sangen, war kee bewosste Choix, dat huet sech no an no opgedrängt. Virun 13 Joer huet hie säin éischt Lidd op Lëtzebuergesch geschriwwen. Wéi hien der 10 zesummen hat, huet hien een éischten Disk a senger Mammesprooch erausbruecht. Mëttlerweil fält et dem Artist schwéier, fir nach op Englesch ze schreiwen. “Ech sange gär iwwer Themen, déi hei an elo geschéien, an da schreiwen ech och an där Sprooch. Dat kënnt och vill méi direkt u bei de Leit, well se net mussen iwwersetzen an net mussen nodenken, mä dat geet einfach direkt vun der Long op d’Zong.”

De Serge Tonnar gouf an de Rotonde vum Eric Falcero um Piano, Akkordeon an op der Mandoline begleet. Säi Set war aus Stécker aus senger ganzer Carrière zesummegesat an huet ugefaange mam éischte Lidd, wat hien 2002 op Lëtzebuergesch geschriwwen huet.
ei si 5 vun de 6 Lidder am Stream:

Futtis Loscht
Lokalmatador
Kiermes a mengem Duerf
Den Accident ass geraumt
Wann d’Cannabis grouss sinn

Och wann d’Halschent vun de Leit, déi am Grand-Duché liewen, d’Sprooch net verstinn, mécht et dem Serge Tonnar senger Meenung no absolut Sënn, fir op Lëtzebuergesch ze sangen. “Et komme ganz vill Leit eis kucken, déi net Lëtzebuerger sinn. Dorënner sinn der och vill, déi kee Lëtzebuergesch verstinn, déi dat awer gutt fannen a souguer d’Texter mat heem huelen an domadder léieren. Ech kréien ëmmer nees ze héieren, dass se an de Lëtzebuergesch-Course Lidder vu mir benotzen.” Obwuel hien eppes gemaach huet, wat géint all kommerziell Logik geet, kann hie mëttlerweil bal alleng vu senger Musek liewen.

De Sänger begréisst déi momentan Popularitéit vun der lëtzebuergescher Sprooch, virun allem am Hip Hop. Hie fënnt et allerdéngs schuet, dass net méi Songwriter sech trauen: “Do hätt ech ganz gär méi Konkurrenz”. Dee gréissten Challange gesäit de Serge Tonnar bei de Liebeslidder, well et do keng “Trennwand” vun enger Friemsprooch gëtt.

Obwuel seng Texter op Lëtzebuergesch méi direkt sinn, versteet net ëmmer jiddereen de Serge Tonnar. Mëssverständnesser kéime virun allem aus dem Eck vun deene Leit déi géife mengen, si wäre besonnesch gutt Lëtzebuerger, sou de Kënschtler. Et ass awer senger Meenung no och ee Phänomen vun de sozialen Netzwierker: “D’Leit interpretéieren ëmmer gären eppes an dat, wat se héieren. Op de sozialen Netzwierker kritt een dat ebe ganz vill mat. Fréier war dat net esou. Do huet ee sech haaptsächlech mat Kollegen ënnerhal oder mat Leit, déi een op engem Concert, an engem Bistro oder soss begéint huet. Haut kann all Mënsch dir iergendeppes an de Kapp geheien a mengen, seng Meenung wär ganz wichteg. Déi Reaktioune soen awer ëmmer méi aus iwwer deen, dee se schreift, wéi iwwer deen, iwwer deen et geschriwwen ass.”

An där éischter Halschent 2016 kann ee mat engem neien Album vum Serge Tonnar senger Band Legotrip rechnen. Am Oktober kënnt een duebele Live-LP eraus, deen an der Philharmonie zesumme mam Orchestre de Chambre du Luxembourg an de Cojellico’s Jangen opgeholl gouf.