Radioen

On air

Kultur um 5  |  Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sexy an ongeheier lässeg

Fënnef jonk an talentéiert Museker

Sexy an ongeheier lässeg

Den talentéierten a produktive Quintett vun The Internet weist sech um zweeten Album lässeg, danzbar a sexy. D'Beats vun "Hive Mind" si minimalistesch, effikass, an et gëtt keen Entkommen.

auto_stories

3 min

Déi éischte Kéier, wann een Hive Mind lauschtert, fält engem virun allem déi ongeheier Lässegkeet op, mat där de Quintett vu Los Angeles dohier gegrooved kënnt. Um Album fënnt een à priori keng iwwerzéckert Refrainen an Hooklines, déi engem direkt an d'Ouer sprangen. Fir datt d'Scheif hire ganze Bouquet entfale kann, muss ee se scho bëssen dréine loossen. Awer ech garantéieren Iech, et gëtt keen Entkommen.

D'Rezept vun The Internet ass einfach. Fënnef ganz jonk a ganz talentéiert Museker a Produzenten, déi zanter hirem gemeinsamen Debut vun 2015 alleguer Solo-Albume released hunn, déi och alleguer op hir Manéier ganz gutt sinn. Wann dës fënnef Protagonisten zesummekommen, muss dat ongeféier sou sinn, wéi wa Superhelden hir Kräfte bündelen.

Virun der Equipe steet meeschtens déi 26-järeg Sängerin Sydney Loren Bennett alias Syd. Datt si mat 14 schonn ugefaangen huet, sech mat Sounddesign an Opnam-Technik ze beschäftegen, héiert een. Hir Stëmm kënnt dacks wéi en Instrument zum Asaz an integréiert sech ëmmer perfekt an de Mix.

Impressionnant ass virun allem, wéi hire Gesang mat den onendlech groovege Basslines vum Patrick Paige II flirt an danzt.

De Bass ass niewent der Stëmm dat wichtegst Element op "Hive Mind". Déi véier Säite schwéngen technesch dacks usprochsvoll, awer ëmmer am Déngscht vum Song a vun der Danzbarkeet. D'Beats si relativ minimalistesch an dofir immens effikass, an och d'Gittaren an d'Synthesizeren sinn ëmmer genee op de Punkt. An och bei verspillte Soli gëtt sech ni profiléiert. Et gëtt ëmmer nees däitlech, datt een et hei net just mat Museker, mee mat Produzenten ze doen huet. Si beherrschen hir Instrumenter, awer hunn ëmmer dat gréissert Bild vum Gesamtkonschtwierk am Kapp.

Wéi quasi all Hip Hop oder R&B-Album zitéiert och "Hive Mind". The Internet verstoppen net, datt si Fans vum Prince sinn. Firwat och? Donieft kléngen och Aflëss aus Trip Hop an Acid Jazz duerch. Awer déi jonk Equipe vun L.A. evitéiert ëmmer elegant d'Fal vun der generescher Lounge-Musek, déi bei dëse gemittlechen Downtempo-Geschichten evidenterweis lauert.

Trotz sëlleche Referenzen ass deen neien Disk vun The Internet eng aktuell Scheif, déi grouss "Summer 2018" op der Stir stoen huet. "Hive Mind" ass laid back awer danzbar, kohärent awer ofwiesslungsräich, an en ass immens cool a sexy. En ass ouni Moderatioun ze consomméieren.