Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Calexico - Crystal Frontier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Shocking Blue - Love Buzz

Sample vun der Woch

Shocking Blue - Love Buzz

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

Shocking Blue ass en hollännesche Quartett aus dem Joer 1967. Si waren eng erfollegräich psychedelesch Rock-Grupp an de 70er an hunn iwwer zéng Millioune Placken insgesamt verkaf. D'Grupp gouf 1967 vum Gittarist Robbie Van Leeuwen gegrënnt. Déi aner dräi waren de Fred de Wilde, Klaasje van der Wal a Cor van der Beek. Si hate fir d'éischt e puer kleng Hits an Holland. Mee nodeems si d'Sängerin mat der Mariska Veres ausgetosch hunn, hate si hire gréisste Succès mam Lidd "Venus" am Joer 1969.

D'Lidd war gläichzäiteg an den amerikaneschen, engleschen, däitschen an hollännesche Charts op Nummer 1 a si hunn iwwer fënnef Milliounen Exemplare verkaf. Um selwechten Album, "At Home", wou "Venus" drop war, war och "Love Buzz". De Song gouf bekannterweis vun Nirvana gecovert, mee nach méi interessant ass ze gesinn, wien e gesampelt huet.

An zwar déi englesch Grupp "The Prodigy" op hirem véierten Album "Always Outnumbered, Never Outgunned" vun 2004. Et ass deen éischten Album, deen de Liam Howlett bal ganz eleng komponéiert huet, also ouni de Keith Flint a Maxim Reality. Hie sampelt de Shocking Blue hiert Lidd "Lovebuzz" um Track "Phoenix". E gëtt allgemeng net als hire beschten Album ugesinn, mee si hunn et awer bis an d'Videospill "Need for Speed" domadder gepackt. Et ass schonn ironesch, datt englesch Electro Punks eng hollännesch Grupp samplen, déi probéiere wéi Amerikaner ze klengen.

Den amerikanesche Rapper Necro huet 2010 dee selwechte Sample benotzt fir säi Lidd "Die!" doraus ze maachen. Dat war op sengem sechsten Album, dee scho staark vu Rock a Metal beaflosst war. Den Necro produzéiert alles selwer, an den Album koum bei sengem eegene Label Psycho Logical eraus.

Déi amerikanesch Underground Grupp Gangrene besteet aus The Alchemist an Oh No. Op hirem leschten Album "You Disgust Me" vun 2015 sample si och déi hollännesch Grupp fir "Hot Pillow" doraus ze maachen.