Sample vun der Woch Soft Machine - Drop

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

E14.jpg

Soft Machine bréngt 1972 hire fënneften Album eraus mam Numm "5". Soft Machine ass eng englesch Band aus dem Joer 1966. Hire Sound ass schwéier anzeklasséieren, vu progressivem Rock bis Jazz Fusion hu si an hire bal 60 Joer Karriär alles gespillt. D'Grupp huet an enger Geométrie variable funktionéiert, d. h. et si stänneg nei Memberen dobäikomm, anerer ewechgefall, esou datt ëmmer eng gutt Dynamik present war. Dëse fënneften Album ass deen éischten, dee si ouni den Grënner Robert Wyatt ophuelen. Et ass wéi ëmmer eng experimentell Mëschung vu Prog Rock, Free Jazz a psychedeleschen Aflëss, mee et kann een awer soen, datt dësen Album fir d'éischte Kéier méi an eng Jazz Richtung geet. Um Lidd "Drop" kënnt virun allem dem Mike Ratledge seng jazzeg Uergel mat sengem besonnesche Grain eraus. Seng dekomplexéiert a virtuos Improvisatioun an déi ganz besonnesch Textur vun der Uergel sinn dann och deen Deel, deen am léifste gesampelt gouf.

Fir unzefänken huelen ech mol e ganz rezent Lidd, dat de Sample benotzt huet, an zwar den zäitgenëssesche Rapper Schoolboy Q. Säi Lidd "Black Thoughts" war op sengem Blank Face LP vun 2016 an handelt gréisstendeels vun de Spannungen tëschent der Police an der Jugend a sengem Quartier. Et ass produzéiert vum Willie B.

Mee 20 Joer virdrun hat schonn déi franséisch Grupp Ideal J dee selwechten Deel vum Sample benotzt fir hiren "Uniquement pour les miens" doraus ze maachen. Dat war op hirem Album "O'riginal MC's sur une mission" , 1996 erauskomm. De Beat gouf vum verstuerwenen DJ Mehdi produzéiert an den MC heescht Kery James.

En anert Beispill vun engem gelongene Sample sinn déi zwee englesch Jungle Veteranen Jay Hurren and Alex Banks vun der Grupp E-Z Rollers. Si produzéieren 1998 hiren "Hip To The Game" mam Sample vu Soft Machine.

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

Klein
Klein - Sonder

Grouss existenziell Stëmmungen a vill Melancholie stinn um Lëtzebuerger Quartett "Klein" hirem Debutalbum am Mëttelpunkt. E Wierk, op deem ee grouss Klanglandschafte gebueden kritt, mengt den Jamie Reinert.

E13.jpg
Sample vun der Woch

"Good High" ass deen éischten Album vun der Grupp Brick, 1976 bei Bang Records erauskomm. D'Lidd "Dazz" gouf vun ënner anerem dem Ice Cube gesampelt, grad ewéi vun Young Soldierz an Das EFX.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen