Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sonnege kalifornesche Folkrock

Hurt Valley - Glacial Pace

Sonnege kalifornesche Folkrock

Ëm dës Zäit - no de Feierdeeg a fréi am neie Joer - ass d'Sich no neier Musek net déi allerevidentsten. Fir den éischten Album vun der Woch vum neie Joer huet sech den Tom Dockal en Disk ausgesicht, dee schonn Ufank Dezember erauskoum. "Glacial Pace" heescht deen Album a kënnt vun engem Ee-Mann-Projet mam Numm Hurt Valley.

auto_stories

3 min

"Glacial Pace", op d'mannst ee Wuert aus dësem Albumtitel, en Adjektiv, schéngt d'Keelt dobaussen nëmmen duebel an dräifach ënnersträichen ze wëllen. Dat motivéiert du premier Coup net besonnesch eranzelauschteren. Gutt, datt den amerikanesche Museker Brian Collins alias Hurt Valley op sengem Debutalbum mat eben deem Numm dat awer net mécht.

En äisegt Zesummespill

Äiseg sinn op "Glacial Pace" sécherlech net d'Temperaturen, mee d'Vitessen, op deenen de kalifornesche Songwriter Brian Collins operéiert. Bon, äiseg sinn déi och net wierklech, soss géif an der Stëllt absolut keen Toun ze héiere sinn, mee et geet gaaanz entspaant a gemittlech viru bei sengem Projet Hurt Valley. De Schlofkummerprojet vum Museker, deen alles selwer agespillt huet, lieft virop vum Zesummespill aus elektreschen- an akustesche Gittarkläng.

Dat een do direkt un net-onänlech Acts denkt wéi Whitney, ass net vun ongeféier. An datt Whitney wéi och elo Hurt Valley mat hirem respektive musikaleschen Output de Grousspappen a Groussmamme vum Laid back psychedelic Westküstefolkrock huldegen, nach vill manner.

Stuck at a glacial pace / Frozen in a memory, mee näischt kann dorunner geännert ginn, esou séngt de Collins um Opener "Geology Dreamer".

D'Iddi fir de Projet Hurt Valley koum dem Deelzäitmuseker - hien ass Proff zu Hollywood an engem Lycée - wéi hie mat engem Frënd stonnelaang gemittlech duerch Death Valley gefuer ass. Net ze séier natierlech, fir dem ale Pick-up säi Motor net bei der Afenhëtzt ze strapazéieren. Iergendwann stoung hie virun engem Autokierfecht, op deem d'Karkasse vun enger Abberzuel vu Automobillen hannerlooss goufen.

Et ass alles an där - vläicht net ganz esou richteg passéierter - Sequenz: e monumentalen amerikaneschen Hannergrond an am Virdergrond e Mann, konfrontéiert mat der Finalitéit vun allem, déi sech an enger sonnenduerchtränkter Melancholie kanaliséiert.

Déi Melancholie gëtt op x Facetten duerchdeklinéiert. Sief et a Songs, déi Regreten iwwer laang Vergaangenes oder ganz einfach Verloscht thematiséieren. Um leschte Song "Immaterial Worlds" hëlt de Brian Collins sech selwer schwéier zu Geriicht.

An der drëtter Persoun beklot hie seng eege Persoun onnéideg taktlos kënnen ze sinn an net ze wëssen, wéini se sech ze entschëllegen an zeréckzerudderen huet, bis et dann ze spéit ass.

"Glacial Pace" ass net aus op Ouerwierm wéi d'Museker vu Whitney. Predominant wichteg ass dem Collins, stuck in a feeling ze sinn. An dat Gefill, säi Gefill, gëtt konsequent duerchgezunn. An et ass dofir och net verwonnerlech, datt déi Responsabel beim Label Woodsist - wou gläichgesënnten duuss psychedelesch Folkrocker a -rockerinnen ënnerkomm sinn - "Glacial Pace" vun Hurt Walley ëm dës Zäit released hunn.

D'Sonn, genee wéi d'Kläng um Album, spende Wäermt, mee et geet duer, dat een hanner d'Musek kuckt, voir an de Schiet geet oder waart, bis d'Sonn ënnergeet, bis datt et frësch an äiskal ka ginn.