Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sophie Pacini - De schwéiere Wee an eng Carrière

Klassik

Sophie Pacini - De schwéiere Wee an eng Carrière

D'Sophie Pacini ass “Young Artist of the Year” vun den International Classical Music Awards 2017. E Samschdeg den Owend (1.4.2017) krut se hire Präis am Kader vun enger Gala-Soirée am Gewandhaus zu Leipzig. Bis dohinner war et fir déi gebierteg Münchenerin mat toskanesche Wuerzelen allerdéngs ee schwéiere Wee.

auto_stories

3 min

D'Sophie Pacini am Interviw mam Guy Engels.

"Déi schwaarz Këscht war mäi beschte Frënd während der Schoulzäit", erzielt d'Sophie Pacini. Als héichbegaabt Pianistin huet déi jonk Musekerin dacks an der Schoul gefeelt, well si a Meeschtercoursen oder op Concourse war. An hirer Klass krut si duerfir wéineg Versteesdemech vun de Matschüler. Eent, dat d'nëmmen déi hallef Zäit do ass, dat et sech anscheinend gutt goe léist an iwwerdeems och nach exzellent Notte kritt, dee kritt net verroden, wat un Hausaufgaben ze maachen ass a wat an deene leschte Coursen duerchgeholl gouf. "Dobäi war d'Schoul eigentlech wesentlech méi entspaant, wéi meng Pianoscoursen", seet d'Sophie Pacini.

"Eltere bremsen den Éiergäiz"

D'Pianistin war scho ganz fréi an d'Klass vum berühmte Pädagog Karl-Heinz Kämmerling um Mozarteum zu Salzburg komm. Et war eng haart Schoul, stänneg war Leeschtung gefuerdert. Mueres ass et lassgaange mat de Coursen, erënnert sech d'Sophie Pacini. An owes huet een dann als Schüler misse virun der ganzer Klass virspillen. Et ware Sessiounen, déi alt bis no Mëtternuecht gaange sinn."Fir mech war dat net esou schlëmm, well ech ebe gäre Piano gespillt hunn", seet d'Sophie Pacini.

Anerer hätten et net esou lëschteg fonnt. Meeschtens waren dat Schüler, déi och nach vun Haus aus Drock gemaach kruten an an eng Carrière gedréckt goufen, déi si guer net ugestrieft hunn, esou déi jonk Pianistin. "D'Konkurrenz war enorm - méi nach tëscht den Elteren, wéi tëscht de Schüler."

Trotz allem war d'Zäit um Mozarteum fir d'Sophie Pacini eng gutt Zäit, well si hei eng Ersatzfamill fonnt hat. A wann et ganz schwéier Amenter gouf, dann huet si sech hirem Instrument uvertraut. "Wat wier ech ouni dech? Mir kommen net vun enee lass."

Der Sophie Pacini hir Elteren si keng Museker, wat si selwer als grouss Chance consideréiert. Hir Elteren hunn nämlech ëmmer drop opgepasst, datt aus der Spillfreed keen iwwerdriwwenen Éiergäiz gëtt. Als jonk Musekerin konnt si de Piano entdecken, sech selwer testen. Duerfir huet d'Sophie Pacini haut och kee Problem mat Drock ëmzegoen. Deen Drock dee si spiert, ass deen Drock, dee si sech selwer mécht.

Loft fir z'ootmen

E Problem fir d'Pianistin ass haut, dat een an deem Fach vill eleng ass - besonnesch op Tournéeën. Et reest een eleng, et ësst een eleng, et prouft een eleng, an nom Concert geet een erëm eleng an den Hotel. "Wann ech am Taxi ënnerwee sinn an owes laanscht d'Haiser fueren, an deenen d'Luucht brennt, dann denken ech dacks: 'Do sëtzt elo eng Famill zesumme beim Iessen.'"

An esou Amenter huet d'Sophie Pacini dann nees hire beschte Frënd, mat deem se alles deelt: de Piano. "De Piano ass fir mech d'Loft, déi ee fir z'ootme brauch."