Radioen

On air

Notturno  |  Quickly, Quickly - Falling Apart Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Soundtrack fir de Weltënnergang

Sova Stroj

Soundtrack fir de Weltënnergang

Wéi wär et, wann d'Mënsche géifen ophale sech ze reproduzéieren? Där Fro geet de Lëtzebuerger Ambient-Museker Sova Stroj op sengem éischten Album no. D'Resultat ass experimentell awer accessibel.

Yves Stephany

auto_stories

3 min

Sova Stroj am 100,7-Studio ©Nynewe

"Dreeme muss de Mënsch ëmmer, woufir lieft hie soss?" Dem Michel Flammant säin éischte Solo-Album ass eng poetesch Visioun vun der Apokalyps. D'Enn vun der Mënschheet, vum Mënsch bewosst selwer erbäigefouert: "Ech hu mir iwwerluecht, datt d'Mënschheet enges Daags zu där Erkenntnis kënnt, datt all dee Misär an alles wat si bis elo geleescht huet net sou immens war. An datt si einfach géingen ophale sech ze reproduzéieren."

Well et da keen Drock méi géif gi fir ze wuessen, kéint d'Mënschheet an hire leschten 100 Joer zur Rou kommen. Lues a lues géif d'Äerd dann ëmmer méi roueg ginn. Dohier och den Titel vum Disk: "Silent Earth".

Konzeptuell Approche

Obwuel d'Musek vu Sova Stroj roueg a monoton ass, geléngt et dem Artist, an deene véier laange Kompositiounen eng Narratioun ze vermëttelen. Am Géigesaz zu sengen anere musikalesche Projeten war d'Approche fir Silent Earth konzeptuell. "Ech hat den Album zu 80 Prozent fäerdeg am Kapp. Ech wousst wéi e géint ufänken, wou ech géif higoen a wéi e géif endegen." Och vum Sounddesign hat hie schonn eng ganz konkret Iddi, ier hie mat där eigentlecher Produktioun ugefaang huet.

Produktioun

D'Opname vun de Synthesizere goufe gréisstendeels live realiséiert. Duerno huet de Michel Flammant seng Stëmm, een Akkordeon, eng Kalimba an afrikanesch Rëselen iwwer dës Pisten enregistréiert. Den Artist beschäftegt sech mat ganz komplexe Synthesizer-Systemer. Duerch déi vill potenziell Feelerquelle vu dësen Instrumenter ass d'Resultat net ëmmer previsibel. Am virdefinéierte Kader erlaabt hie sech Feeler an Experimenter. "Dat ass interessant fir mech, well et méi subtil ass. Et ass net einfach fräi. D'Variatioune si méi kleng a fokusséiert."

"Silent Earth" gouf vum Michel Flammant gespillt, opgeholl an ofgemëscht. Fir de Mastering war den Andreas Lubich alias Lupo responsabel. D'Michaela Knizova huet de Cover realiséiert. Den Album koum am Januar 2016 beim belsche Label Testtoon eraus.

Sova Stroj

No sengen éischten Optrëtter als Solo-Artist ass de Feedback gréisstendeels positiv. "Et huet ee gewëssen hypnotesche Charakter, deen ech och bewosst sichen. Ech schaffe vill mat Widderhuelungen a Mikro-Variatiounen a sou Geschichten, fir eng gewëssen Trance ervir ze ruffen."

De Michel Flammant huet seng musikalesch Carrière mat 16 Joer an enger Black Metal Band ugefaang. Duerno huet hie sech mat Rock an Elektro-Pop beschäftegt. Ënner anerem war hien Deel vum Duo "Plantkon Waves". Seng Passioun fir elektronesch Musek huet hie réischt rezent entwéckelt.

Am Juli 2015 war eng Live-Session vu Sova Stroj am grousse Studio vum 100.7. D'Opnam kënnt Dir integral hei lauschteren:


Links
Sova Stroj: http://sovastroj.com/
Testtoon Records: http://testtoon.com/ 
Silent Earth lauschteren a kafen: http://testtoon.bandcamp.com/album/silent-earth
Video vun der E-Lodie Session: https://youtu.be/YiBdzZoY-PQ