Made in Luxembourg Spaghetti on Repeat - Nei Single vu C'est Karma

Spaghetti on Repeat ass deen éischten neie Song vu C'est Karma zanter der Farbfilm EP, déi am November erauskomm ass. D'Lidd ass eng Ode u Pasta a Kapitalismuskritik an engem. D'Nuddel als Symbol fir eng gewëss Resignatioun vun enger Fra, déi hiert Liewe laang geschafft huet, awer et net fäerdeg bruecht huet op der sozialer Lieder no uewen ze kommen.

Yves Stephany

C'est Karma - Spaghetti On Repeat
Foto: Pit Reding

"Ech liibe Pasta", seet d'Karma Catena. "Mee iergendwann hunn ech mat enger Frëndin geschwat, déi a ganz aarme Verhältnisser grouss ginn ass, an där hir Mamm elengerzéiend war an de Mindestloun krut. Fir mech war Pasta ëmmer eppes Feierleches, a fir hatt war et einfach dat, wat si all Dag giess hunn, well seng Mamm weder d'Zäit nach d'Suen hat fir vill aner Saachen ze kachen."

It's a Family Affair

Am Video zum Song gesäit een der Karma hir eege Mamm. Och wa si net an deene Konditioune grouss gi wier, hätt si awer wéilten d'Relatioun tëschent Mamm an Duechter duerstellen. Si géif de Video separat zum Song gesinn, hätt awer mat esou Detailer wéilte Parallellen halen. Déi deels iwwerspëtzt witzeg Mimik vun der Sängerin kontrastéiert mat der eeschter Thematik vum Song.

Als Inspiratioun nennt d'Karma dem Ari Aster säi Film "Midsommar". "Dat ass en amerikaneschen Horrorfilm, deen awer ganz am Dag an enger mega idyllescher Landschaft spillt. Ech wollt dee Kontrast, deen hien an deem Film do benotzt och e bëssen iwwersetzen a mengem Video."

Keng Lagerfeiergittar

Genee wéi bei der EP setzt d'Karma beim neie Song op elektronesch Kläng, d'Produktioun ass zimmlech muscléiert. Vun hire folkege Wuerzele bleift keng Spuer méi. "Ech sinn an der Lescht generell méi higezunn zu experimentellem Pop, an dat spigelt sech dann och gnaz sécher a menger eegener Musek erëm."

Fir d'Produktioun huet d'Karma fir d'éischte Kéier mam Sasha Hanlet (Them Lights) kollaboréiert.

Et kéint een deemnächst mat enger neier Release rechnen, confirméiert d'Karma. Si hätt mat engem däitsche Produzent un enger Rëtsch Lidder geschafft.

An der Mediathéik:

Musek Aktuell / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Claire Laffut
Claire Laffut - Bleu

D'Claire Laffut huet hiren Debutalbum erausbruecht. "Bleu" geet vun Indie bis Dance-Pop, mat Perkussiounselementer a kloer feministeschen Aussoen an ass eng Rees duerch d'Karriär vun der Musekerin.

Slumbergaze
Slumbergaze

Den Eric Juncker seng zweet Single "Shade Plant" dréint ëm eng onscheinbar Hausplanz, déi et trotz allem fäerdeg bréngt, sech an engem Dschungel vu wonnerschéine Bléien duerchzesetzen. De Philippe Hansen wollt méi wëssen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen