Klassik-CD vun der Woch Spannend, energesch a faarweg

Mam Gustavo Gimeno als Chefdirigent huet den OPL sech an deene leschte Joren op eng besonnesch intensiv Rees beim Stravinsky seng Musek gemaach. Op dem neien Album kënnt eng Vertrautheet zum Ausdrock.

Guy Engels

Stravinsky
Interpretatioun
Klangqualitéit

Interpret: Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, Gustavo Gimeno

  • Igor Stravinsky: The Rite of Spring
  • Igor Stravinsky: Chant funèbre
  • Igor Stravinsky: Jeux de Cartes
  • Igor Stravinsky: Concerto a Ré
  • Igor Stravinsky: Agon

Pentatone PTC5186 650

An der Saison 2016/2017 hat de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg dem Igor Stravisnky säi "Sacre du Printemps" zu sengem musikalesche Pavillon gemaach. Néng Mol huet den Orchester d'Skandalstéck vun 1913, ee Schlësselwierk aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert, an ënnerschiddleche Formater opgefouert. Duerch déi sëllechen Opféierungen ass keng Routine opkomm, wéi een hätt kënne mengen. Den Orchester a säi Chefdirigent hunn e méi déift Versteesdemech fir déi komplex Partitur entwéckelt. Déi Vertrautheet war um Enn staark genuch, fir d'Wierk och op CD opzehuelen.

Rhythmesch schaarf, wéi eng Gillette

Beim Igor Stravinsky definéiert d'Musek sech gréisstendeels iwwert de Rhythmus. Do ass de Risiko natierlech grouss, an deem Ganzen d'Musek ze vernoléissegen oder carrément ze vergiessen. Déi richteg Balance ze fannen tëscht der heiansdo brachialer Gewalt, déi sech am Sacre opdeet, an deene ganz intimen, lyresche Passagen, dat ass den Défi vun dëser Partitur.

De Gustavo Gimeno an den OPL hunn déi Erausfuerderung brilliant gemeeschtert. D'Resultat ass eng ganz lieweg, faarweg a rhythmesch staark Erzielung vun deenen archaesche Riten, déi de Stravinsky a sengem Meeschterwierk illustréiert.

Vun der éischter bis zur leschter Nout ass een als Nolauschterer voll derbäi a matten an deem, wat geschitt. De Gustavo Gimeno hält d'Spannung ëmmer héich - et ass wéi bei engem gudde Buch, dat een net op d'Säit leet, bis ee weess, wéi d'Geschicht ausgeet.

Sprëtzeg an humoristesch

Dat selwecht gëllt - op eng aner Manéier - fir "Jeu de Cartes". Hei sinn et d'Nonchalance, d'Ironie, den humoristeschen Ëmgang mat musikaleschen Zitater a Referenzen, déi de Gustavo Gimeno an den OPL mat vill Genoss, scho bal spilleresch a ganz raffinéiert ënnersträichen. Et spiert ee richteg de Spaass an d'Loscht un där Partitur. Ähnlech lieweg, wibbeleg, musikalesch an op den Dibbelche präzis erliewe mir den Orchester och am Concerto a ré majeur.

Méi zum Thema

Disk Luis Tinoco
Klassik-CD vun der Woch

Portugisesch zäitgenëssesch Komponiste sinn an deene leschten zwanzeg Joer ëmmer méi an de Concertssäll ronderëm d'Welt präsent. Esou zum Beispill de Luís Tinoco. De Manuel Riberio huet sech den Disk "The blue Voice of the Water" ugelauschtert.

Klassik CD vun der Woch
Klassik-CD vun der Woch

Jiddweree kennt dem Charles Chounod säin "Ave Maria". Den Air ass opgebaut op d'Arpègë vum éischte Prélude aus dem Bach sengem Zyklus "Le clavier bien tempéré". De Cédric Pescia huet dësen Zyklus elo nei opgeholl.

CD vun der Woch - Gerstein
Klassik-CD vun der Woch

De Kirill Gerstein ass an der klassescher Musek doheem, huet awer och déif Wuerzelen am Jazz. Op sengem aktuellen Disk verbënnt hie béid Welten an enger Explosioun vun Nouten an Energie.

CD Woch Lewis
Klassik-CD vun der Woch

Net brav an analytesch, mee mat vill Energie an engem zum Deel knaschtege Sound interpretéiert d'Bjørg Lewis dem Johann Sebastian Bach seng Cello-Suitten. Eng modern Interpretatioun vun aler Musek.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Noriichten

  • Den 100,7-Klassesall

  • Iwwer Mëtteg

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen