Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  C'est Karma - Coffee

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sprëtztour duerch een sowjeteschen Disco-Fräizäitpark

D'Workout Disco Äntwert op de Lockdown Blues.

Sprëtztour duerch een sowjeteschen Disco-Fräizäitpark

Ultraflex verbannen Discokläng aus den Achtzeger mat Sowjetescher Aerobic Ästhetik a lasziven Lyrics. Hieren Debutalbum ass eng vertounten Hommage un naasgeschweesste Kierperen a grujeleg neonfaarwegem Spandex.

auto_stories

3 min

Grad elo, am naaskaalen Hierscht, dee vu Lockdown a sozialer Distanzéierung gepräägt ass, bréngen Ultraflex hire musikaleschen Opruff zum Full-Body-Workout eraus. Schonn den Opener "Get Fit" vum Debutalbum "Visions of Ultraflex" ass den Appell, d'Schweesbännercher iwwer ze strëppen an de Bols an d'Luucht ze dréiwen. Ënnerluecht gëtt dat ganzt vu Synthiesounds aus den Achtzeger a kantege Beats, déi, sou Ultraflex, e Mix aus zäitgenësseschem Disko a futuristeschem Boogie formen. Ultraflex, dat sinn d'norwegesch Discokënschtlerin Farao an d'islännesch Avant-Pop Musekerin Special-K.

Ugefaangen huet de gemeinsame Projet d'lescht Joer, wéi béid Artistinnen den Optrag kruten, zesummen u Stécker fir zwee skandinavesch Museksfestivallen ze schaffen. Aus dëser Kollaboratioun sollt den Duo entstoen, deen elo mat sengem Album eng - an hire Wierder - Sprëtztour duerch ee sowjeteschen Disco-Fräizäitpark mat Glitzer-Achterbunnen, kaleidoskopesche Karusseller an der eng oder anerer Geeschterbunn liwwert. Eng ekstatesch Tour de Force, déi den Dopaminlevel no uewe schéisse léisst.

Eng Ode un de Beweegungsdrang a un d'Verféierung

"Visions of Ultraflex" ass an éischter Linn eng Ode un de Beweegungsdrang vum eegene Kierper an d'Verféierung vun aneren. Wéi Ultraflex an engem Interview soten, steet de Sport um Album net nëmme fir de Kitsch vun Eighties Aerobic à la Jane Fonda, mee déngt och als schlechtgetarnte Referenz fir aner kierperlech a schweesdreiwend Aktivitéiten. De Song "Work out Tonight" mat senge pulséierende Beats an de lasziv gehauchte Lyrics strotzt nëmmen esou vu kinetescher Energie, puerem Sex a grujeleg neonfaarwegem Spandex. De "softpornesquen" Dialog um Enn vum Lidd raumt hei dann och all subtil Zweedeitegkeet aus dem Wee.

Ultraflex verstoppen sech net hannert Hipsterironie oder iwwerdréintem Sarkasmus, mä stëllen dës schounungslos an de Virdergrond. Natierlech sinn d'Uspillunge plomp, natierlech ass dee ganze Sowjet Aerobic Kitsch Bad Taste, natierlech sinn d'Eightiessounds nostalgiebelueden - so what? Ultraflex huelen sech selwer net ëmmer esou ganz eescht, hier Musek dofir awer ëmsou méi. D'Spandex-Retrotopie déi si op "Visions of Ultraflex" skizzéiere begrënnt hier Authentizitéit grad duerch d'iwwerspëtzte Sexualitéit an d'musikalesch Pastiche, déi dësen Album charakteriséieren.

Dee richtegen Album zur falscher Zäit

Entstanen ass "Visions of Ultraflex" am arkteschen Norde vun Norwegen, den ofgeleeënen Westfjorde vun Island an dem ë wéineg méi beliefte Berlin. D'Balance tëschent extrovertéiertem Hedonismus an introvertéierter Melancholie, déi dës Plaze charakteriséiert, stécht och um Album ervir. Lidder ewéi "Never Forget My Baby" oder "Man U Sheets" handele vu batterséissem Häerzschmäerz respektiv der jugendlecher Onschold an dem Verloscht vun dëser. Dës perséinlech a roueg Säit vun Ultraflex ass éischter emotionalen Hürdelaf ewéi Partymarathon, an awer fügen sech d'Stécker perfekt an den Album Ensembel an.

"Visions of Ultraflex" ass dee richtegen Album zur falscher Zäit. Eng Plack déi dat Kierperlecht zelebréiert zu engem Zäitpunkt wou dëst staark begrenzt gëtt. Mee vläicht ass grad dat de Reiz un dësem Album, deen net nëmmen d'Verlaangeren no intimer a schweessnaasser Kierperlechkeet evoquéiert, mee och d'Virfreed dorops nach méi steigert. Ultraflex sinn déi absolut Workout Disco Äntwert op de Lockdown Blues.