Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Strauss, en Held vum Cello?

Klassik-CD vun der Woch

Strauss, en Held vum Cello?

De Richard Strauss huet net vill fir Cello geschriwwen. Awer d'Wierker op dësem CD gehéieren zu deene beschten aus dem Repertoire fir dëst Instrument, fënnt déi bekannten Cellistin Ophélie Gaillard.

auto_stories

3 min

CD: Don Quixote & Cello Works - Ophélie Gaillard, Cello

Label: AparteMusic - AP174

Wierker:

  • Sonate für Cello & Piano in f-dur, opus 6
  • Romanze für Cello & Orchester a f-dur, opus 13
  • Don Quixote - Phantastische Variationen über ein Thema ritterlichen Charakters
  • Morgen aus Vier Lieder, opus 27 (Fass. Cello, Klavier & Sopran)
Interpretatioun:
Klangqualitéit:


Interpreten: Ophélie Gaillard, Cello - Alexander Conunova, Gei - Dov Scheindlin, Alto - Vassilis Varvaresos, Piano - Béatrice Uria Monzón, Mezzo-Sopran
Czech National Symphony Orchestra - Direktioun: Julien Masmondet.


"D'Wierker fir den Cello vum Richard Strauss op dëser CD gehéieren zu deene beschten a wichtegste Wierker aus dem Repertoire fir d'Instrument. Et si richteg Meeschterwierker", sou déi franséisch Cellistin Ophélie Gaillard am Booklet vun der CD. Allerdéngs gëtt si och zou, datt si laang Schwieregkeeten hat, de Strauss z'appreciéieren. De Komponist war nämlech als ëffentlech Perséinlechkeet mat de politeschen Iddie vun der Nationalsozialistescher Partei an den 1930er a 40er Jore staark verbonnen.

Mee dem Strauss seng Musek war méi staark. Mat der Zäit hätt d'Kënschtlerin dem däitsche Komponist seng Musek net kéinten ignoréieren, a si wier der hypnotescher Wierkung vum Strauss senger Musek verfall.

De Strauss an den Cello

De Strauss huet nëmme wéineg Kammermusek geschriwwen. Seng Cellossonat beandrocken ëmsou méi duerch déi Maturitéit, déi hie mat 19 Joer schonn hat. E weidert Jugendwierk ass d'Romance fir Cello, déi duerch déi poetesch a pastoral Linne staark un de Brahms erënnert.

D'Haaptwierk um Disk ass déi fantastesch grouss Toundichtung "Don Quixote" nom Cervantes, déi musikalesch dem Ritter an dem Sancho Pansa seng Erliefnisser verzielt. A fir déi zwee Charakteren duerzestellen huet de Strauss eng Gei an en Cello, mee och nach eng Braatsch als Soliste mat an d'Spill bruecht. Den Cello ënnersträicht den houfrege kéngen a verléiften Ritter Don Quixote. Déi héich Stëmm vun der Gei evoquéiert déi zaart an delikat Dulcinea, während d'Braatsch den triviale Sancho Panza situéiert. Den Don Quixote ass eng Toundichtung, déi vun de Solisten an Orchester vill Kammermuseksgefill, erfuerdert.

D'CD hält op mat engem Extrait aus de "Vier Lieder" vum Richard Strauss. "Morgen", an der Versioun fir Cello, Piano a Sopran.

Fazit

D'CD dréint ronderëm déi bekannten Cellistin Ophélie Gaillard, déi mat dësem Strauss-Cello-Album dem Komponist Rechnung dréit.

Schonn d'Sonat direkt am Ufank weist, wéi eng Energie d'Cellistin zesumme mam Pianist Varvaresos ausstraalt. D'Jugendwierk kléngt jugendlech a strotzt vun Ambitioun, Nervositéit a Liewensloscht.

D'Romance fir Cello zesumme mam Orchester bilt de Kontrast zur Sonat a weist déi douce a verléifte Säite vum jonke Strauss.

D'Haaptstéck ass den "Don Quixote", wou wéi erwaart, déi dräi Soliste mam Orchester harmonéieren. Kammermusek ass gefrot. Dat heescht Zesummespill, Nuancen, Klangbalance a virun allem vill Dialog tëscht de verschidde Partner. Dat geléngt hinnen. Ee Bemol ass, datt den Orchester vläicht ze vill am Hannergrond bleift. Datt en och net ze vill grouss besat kléngt, bleift eng Affaire de Goût. E weidere Bemol ass de Klang vun der Opnam, zemools dee vum Orchester, deen e bësse synthetesch kléngt an doduerch och irritéiere kann.