Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Cowboys surfen erëm

Neien Album: "Crossroads"

D’Cowboys surfen erëm

Et ass e Comeback op deen een net onbedéngt agestallt war: No iwwer 20 Joer hunn d'Surf Cowboys en neien Album eraus ginn. Mat "Crossroads" hu si keen neie Sound erfonnt. Et ass drëms gaangen nees hir Musek ze maachen. "Mir kënnen net anescht", seet dozou de Marion Thill a laacht.

Fred Medernach / po

auto_stories

4 min

(©Surf Cowboys)

Wann ee seng eege Stécker nach heiansdo um Radio héiert, seet ee sech iergendwann "let's get back together, let's try it." Sou erkläert de Sänger Louis Wright, dass d'Surf Cowboys no 20 Joer nees en Album eraus ginn. De Gittarist a Sänger Marion Thill betount: "Wann s Du Museker bass, dann hues du ëmmer den Drang fir nees op d'Bühn". Iwwerdeems hätte Fans a Famill si encouragéiert, nees opzetrieden. Lo hätt een den eegene Kanner kënne weisen, datt een och eppes "Cooles" ka maachen.

Mam Dan Dechmann (Batterie), Mario Di Stefano (Gittar a Gesang), Danilo Linosa (Gittar a Gesang), Klaus Gehlhaar (Bass a Gesang) si gréisstendeels déi selwescht Gesiichter nees dobäi. Neie Band-Member ass den Troy Bankhead (Keyboards a Gesang).

Gebastels war fréier d'Konzept

Wann et ëm d'90er Joren geet, geroden d'Surf Cowboys an d'Schwärmen. Si wieren deemools wierklech eng vun den "Top-Bands" gewiecht, seet de Marion Thill, "lo ouni wëllen arrogant ze kléngen". Si hätte vill Concerte gespillt an ‘als Virband fir grouss Bands wéi Toto, Deep Purple oder Simply Red.

Den éischten Album (‘Put The Peanuts In The Pussy’) war 1993 éischter spontan entstan. De Marion Thill huet deemools beim Jang Linster als Tountechniker geschafft. Wéi deen a sengen Aen "beschte Studio am Land" eemol e puer Deeg net a Betrib war, huet hien de Louis Wright invitéiert fir mat senger Drum Machine laanscht ze kommen. Dunn goufe weider Kollegen invitéiert a lass goung et. Déi uersprénglech Iddi war fir een anonymen Album eraus ze ginn an den Erléis vum Verkaf fir d'AIDS-Fuerschung ze spenden.

Lo gesinn d'Band-Memberen sech als méi erfueren a professionell Museker. "Mir konzentréieren eis op d'Prouwen a ginn net scho virdrun een huelen," sou de Marion Thill. "Crossroads" gouf – mat Ausnahm vun engem Stéck - an deem nämmlechte Studio opgeholl, fir ee "méi uniforme Klang". An d'Band huet hir nei Stécker schonn op Concerten ausprobéiert an nei arrangéiert, erkläert de Louis Wright: "Mir wosste genau, wat mir sollten ophuelen".

Dat war fréier net esou: Op deenen éischten zwee Albume si Saachen, fir déi de Louis Wright sech elo "e bëssi schummt", well se net gutt opgeholl a gemixt waren. "Eppes wat laang genuch räift, gëtt dann endlech gutt", kommentéiert de Marion Thill.

Luef fir de Nowuess

"No eis gouf et an der Lëtzebuerger Rockzeen ee Lach", seet de Louis Wright. Mat Ausnahm vun Eternal Tango an Angel at My Table, déi "hoffentlech och no 20 Joer eng Reunion maachen". Lo wier awer nees vill lass, zum Beispill mat Mutiny on the Bounty a Fox, deenen hiert neit Album de Louis Wright den Ament all Dag lauschtert. D'Museker vun deene Bands géifen haart schaffen a vill Concerte ginn. Et wier also ze hoffen, dass hinnen och am Ausland den Duerchbroch geléngt.

Dass jonk Bands grousse Wäert drop leeën och baussent de Landesgrenzen opzetrieden, fannen d'Surf Cowboys eng gutt Saach. "Et ass essentiell fir eng Band, sech net nëmmen an eisem klenge Vakuum ze presentéieren", sou de Marion Thill. Zu Lëtzebuerg wier de Publikum "net objektiv", och well d'Leit sech kennen. Do wier d'Ausland ee bessere Barometer.

Mee och fir Museker, déi éischter op lëtzebuergesch Texter setzen, géif et ee Marché ginn, fënnt de Louis Wright: "Kuck de Serge Tonnar, dee verkeeft Massen."