Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Svin: Avant-garde-Rock vu Kopenhagen

Komesch Musek

Svin: Avant-garde-Rock vu Kopenhagen

Déi experimentell dänesch Rockband Svin stécht eraus, well si anescht ass. Obwuel déi dräi Museker vill experimentéieren, bleift hir Musek accessibel a mécht Spaass. Mir hu si um Eurosonic begéint.

auto_stories

4 min

YS: Et ass witzeg, datt eng Band, déi schonn zéng Joer besteet, op engem Showcase-Festival spillt, wou de Fokus op Newcomerbands läit. Wéi kënnt dat?

Wat eise Numm an der Branche ugeet, kéint een eis als al Band beschreiwen. Wann een d'Unzuel vun den Diske kuckt, déi mir bis elo erausbruecht hunn, ass dat och de Fall. Mä d'Richtung vun der Musek an d'Art a Weis, wéi mir schaffen, huet sech an de leschte sechs Méint immens staark geännert. Ech soen elo net, datt mir Newcomer wieren, well dat si mir definitiv net. Mir gesinn eis selwer heiansdo als dat komescht Kand an enger Klass, wa mir op esou Festivaler invitéiert ginn.

Et gi jo awer vill intressant Bands an Dänemark, déi éischter onkonventionell Musek maachen?

Definitiv, et gëtt eng riseg Zeen, déi musikalesch experimentéiert. An Dänemark ass et trotzdem net einfach, fir dës Zort vu Musek ze maachen, an et ginn och net vill Plazen, wou een optriede kann. Wann s de mol éierens gespillt hues, muss du erëm een oder zwee Joer waarden, bis du nach emol do kanns optrieden. Mir an eis Managerin hunn awer relativ gutt Kontakter.

Dir hutt Iech an der leschter Zäit stilistesch verännert. Wéi géift dir Är aktuell musikalesch Richtung beschreiwen?

Eis Kompositioune gi meeschtens vu ganz klengen Iddien aus, wat d'Melodie an déi rhythmesch Struktur ugeet. Wa mir eppes fannen, wat fonctionnéiert, da probéiere mir, fir net ze vill driwwer nozedenken. Dacks geschitt dat a ganz ganz laangen Jam-Sessions. Mir mussen an Zukunft de Bass-Part strukturell iwwerdenken, well d'Band aus manner Leit besteet, wéi fréier. Dat mécht et relativ intressant.

De Lars an den Henrik spillen elo och allen zwee Keyboard. Dat mécht extrem vill Spaass, well si heiansdo einfach guer net mat den Instrumenter eens ginn, well si se net gutt genuch kennen. Ech géif eis nei Richtung als méi drony an ambient bezeechnen. Mir tendéieren dozou, eis op de Vibe ze konzentréieren. Mir halen eis dann awer och net domat op, fir d'Strukturen z'änneren oder fir kontradiktoresch Elementer an all Lidd eran ze bréngen. Dofir sinn eis Livestécker och heiansdo sou laang. Mä mir sinn nach amgaang eis ze fannen, villes wat mir hei um Eurosonic gespillt hunn, war ganz nei.

Ech denken, dat wat Dir maacht ass wierklech eenzegaarteg. Déi meescht Acts, déi een hei um Festival gesäit, kopéieren eppes, wat et scho gëtt. Dat ass bei Iech net de Fall. Wéi wichteg ass et Iech, fir en eegenen, onverkennbare Sound ze hunn?

Dat ass eis natierlech ganz wichteg, och wa mir eis dem Mainstream-Sound net verschléisse wëllen. Mir lauschteren einfach vun allem a mir inspiréieren eis och un allem, wat eis gefält. Vun dänescher Musek, bis hin zu afrikanescher oder japanescher Musek lauschtere mir alles. Dat kann och heiansdo den Ufank vun engem vun eise Lidder sinn. Datt zum Beispill ee vun eis seet: "Komm mir maachen eppes am Genre vun dem indonesesche Lidd wat ech gëschter héieren hunn."

Eis Musek ass strukturell gesinn net mat anerer Musek ze vergläichen. Mir kruten awer vum Festival een Dokument heem geschéckt, wat eng gewësse Struktur an eiser Liveshow virgesäit. Mee déi Struktur fënns de a kengem vun eise Concerten aus de leschten zéng Joer erëm.

Et ass ëmmer immens wichteg, datt ee sech sou vill wéi méiglech Musek vun enger Museksrichtung ulauschtert. Dat ass jo haut duerch Google a Spotify méiglech. Dat ass immens wichteg, fir datt een dono ënnerscheede kann, wat ee Song speziell mécht. Mir hunn all eise Museksstil zu dem mir méi tendéieren, mä mir deelen eisen Intressi zur Folkmusek.

Wann een op engem Showcase-Festival wéi dem Eurosonic spillt, da wëllt ee jo gebucht ginn. Dat heescht, Dir wëllt Är Band weider exportéieren?

Mir verkafen eis zwar vläicht net am allerbeschten no baussen oder iwwer sozial Medien, mä trotzdem wëlle mir ëmmer méi maachen a nei Territoirë fannen. Dobäi hëlleft natierlech och, datt mir dëst Joer eise fënneften Album erausbréngen.

Wéi géift Dir Är Musek beschreiwen? Si ass jo relativ schwéier z'erklären, well Dir ganz anescht kléngt wéi aner Kënschtler.

Et ass ëmmer schwéier seng eege Musek ze beschreiwen. All Museker wëll natierlech vu sech behaapten, datt seng Musek anescht klengt wéi de Recht. Mir schwätzen éischter vun der Energie, déi eis Musek an eis Shows schafen. Mir änneren eise Stil jo och dacks liicht, mee de Stil bleift ëmmer voller Energie.

Wéi vill Plaz ass an Äre Stécker fir Improvisatioun?

Mir loossen an all Song relativ vill Spillraum fir Improvisatioun. Mee natierlech erkennt een d'Songs vun enger Show op déi aner erëm.


Interview mat Svinplay_arrow