Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Johnny Marr - Lightning People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Syl Johnson - Different Strokes

SAMPLE VUN DER WOCH

Syl Johnson - Different Strokes

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Déi weltbekannten Intro staamt vum Lidd "Different Strokes" vum Syl Johnson. Dëst Lidd war um Album "Dresses Too Short", deen 1968 erauskoum.

De Sylvester Johnson ass mëttlerweil 84 Joer al an huet bal 50 Joer Karriär hanner sech. Hien ass e bekannte Soul a Blues Sänger aus Mississippi. Hie war e musikalescht Wonnerkand a säin éischt Instrument war d'Gittar. Hien ass zimmlech fréi op Chicago geplënnert fir seng Musekerkarriär ze starten. No bal zéng Joer ouni Succès bréngt hien endlech "Different Strokes" eraus. D'Lidd fänkt u mat schwéieren Drums, kuerzem Gejäiz vum Johnson a just herno dat weltbekannte Gelaachs vu senger Backup Sängerin, déi méi spéit als Minnie Ripperton bekannt wäert ginn.

De Syl Johnson hat seng Karriär an den 80s scho bal ganz opginn, mee do hunn d'Rapper hien ugefaangen ze sampelen, an hien huet e Comeback gefeiert. Dee knaschtegen Bassloop um Ufank huet et an Dozende vu Rap Lidder gepackt. Den Johnson gouf leider just net ëmmer richteg bezuelt, doriwwer beschwéiert hie sech - am Moment huet hie souguer e Prozess géint de Kanye West an den Jay-Z lafen.

Insgesamt ass hie méi vun Eastcoast Kënschtler gesampelt ginn, wéi zum Beispill, chronologesch: Kool G Rap & DJ Polo um Lidd "Talk Like Sex". Dat war um Album "Dead Or Alive" vun 1990, erauskomm beim Label Cold Chillin. Kool G Rap ass e Rapper aus der Juice Crew aus dem Queens. Hien huet hei säin éischte groussen Hit ënner der Opsicht vu Marley Marl an Eric B erausbruecht.

Kuerz duerno, 1993, hunn Wu-Tang Clan de Syl Johnson gesampelt fir ee Lidd vun hirem Album "36 Chambers (Enter the Wu-Tang)". Dësen Album ass e Meilesteen an der Hip-Hop-Kultur. D'Produktioun ass vum deemools ganz jonken RZA. Et war ee vun deenen aflossräichsten Albe fir d'Epoch. Déi néng Rapper aus Staten Island hunn d'Codë vum Rap nei geschriwwen.

Kuerz drop huet d'Grupp DAS EFX dann och den Johnson fir säi Lidd "Alright" benotzt. Dat war op dem Album "Hold It Down" vun 1995. D'Produktioun ass vun Easy Mo B. Déi zwee Rapper Skoob an Dray sinn en Duo aus Brooklyn, déi hei hiren eenzegaartegen Rhym-Styl op dësem Lidd beweisen.

Ee méi aktuellt Beispill vun der Utilisatioun vum Sample ass vum J Dilla a sengem Lidd "Signs". Et ass en Track, deen et leider net op den Album "Donuts" gepackt huet, dofir koum en op enger 7-Inch-Fan-Club Plack eraus. Hie sampelt hei just déi éischt Sekonn vum Syl Johnson a mixt et zesumme mam Brenton Wood sengem "Little Signs". J Dilla ass e Genie!