Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - One With The Freaks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Technesche Problem stéiert de Concert an der Elbphilharmonie

OPL on Tour

Technesche Problem stéiert de Concert an der Elbphilharmonie

E Loftgeräisch huet de Concert vum OPL zesumme mat der Starpianistin Yuja Wang gestéiert. Trotzdem ass et de Museker gelongen de Publikum ze begeeschteren.

auto_stories

2 min

Am Kader vu senger aktueller Tournée huet de Philharmoneschen Orchester e Concert zu Hamburg an der Elbphilharmonie gespillt. Och wann den OPL am Endeffekt e gudden Androck hannerlooss huet, gouf de Concert iwwer laang Strecke vun engem Geräisch, wahrscheinlech aus der Lëftungsanlag, gestéiert. Virun allem an de Solopassagë vun der Starpianistin Yuja Wang war d'Geräisch immens präsent an huet staark vun der Musek ofgelenkt.

Am Publikum souz d'Amanda Kleinbart, Cornistin am NDR Elbphilharmonie Orchester. Si ass dagdeeglech am grousse Sall vun der Elbphilharmonie a spillt do reegelméisseg Concerten. D'Musekerin seet, datt et en ähnleche Problem zwar schonn eng Kéier ginn hätt, allerdéngs net an deem Ausmooss an och net während engem Concert:

"Mir haten eng Kéier an enger Prouf wierklech e Brochdeel vun deem Geräisch, wat mir haut am Concert haten. Ech als Musekerin - wahrscheinlech nach méi wéi de Recht vum Publikum - ech leiden onmoosseg mat. An et deet mir einfach immens leed fir d'Solistin, den Dirigent a fir de ganzen Orchester, well et stéiert einfach immens d'Konzentratioun."

No der Paus huet kuerz d'Hoffnung bestanen, datt de Problem behuewe wier. Allerdéngs huet d'Geräich och beim zweeten Optrëtt vun der Solistin net laang op sech waarde gelooss. D'Museker hu sech awer weider näischt umierke gelooss an hunn einfach weider gespillt. Dëst huet sech am Endeffekt gelount. De Publikum huet dem OPL a sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno nom leschte Stéck - dem Igor Strawinsky sengem Feuervogel - e groussen Applaus geschenkt an en esou zu insgesamt zwee Bise verfouert.