Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëschent Spontanitéit a Retenue

Boygenius - Boygenius EP

Tëschent Spontanitéit a Retenue

Mat Boygenius kommen dräi amerikanesch Singer-Songwriterinnen, déi an deene leschte Joren op sech opmierksam gemaach hunn, zu enger Aart Supergroup zesummen. D'EP déi aus dëser Renconter entstanen ass, schwieft tëschent Spontanitéit a Retenue a verbënnt schéine Folk mat engem Hauch Indie Rock.

auto_stories

3 min

"Hatt ass 20, ech sinn 21. Mir sinn Allenzwee chrëschtlech erzunn. Hat ass lesbesch, an ech sinn e bësse queer a mir deelen esou vill Situatiounen an eise jeeweilege Geschichten. Et ass eng vun deene Saachen, wou ee sech erwaart, zwou Stonnen driwwer ze schwätzen, an herno sinn et der zwielef."

Esou veréiwegt d'Lucy Dacus, Indie Rock-Songwriterin aus Richmond, Virginia, hir Frëndschaft mat der Julien Baker op hirer Wikipedia Säit. Déi zwee hunn am August decidéiert eng Plack zesummen ze maachen an hunn als drëtt am Bond d'Phoebe Bridgers, eng Protégée vum Ryan Adams, invitéiert. Allen Dräi komme si aus dem folk-getéinten Indie Rock, an d'Julien Baker ass d'Zuchpaerd vun dësem Projet, op dem déi Dräi zesumme beséilten Arrangementer aus elektresche Gittaren an dräistëmmege Gesang op d'Tounband leeën, esou wéi hei um Album Opener "Bite the Hand".

Déi Aart a Weis, wéi en dräistëmmege Block vu Stëmme sech hei an dräi zäitversatener spléckt, ass nëmmen ee Beispill fir déi grouss Finesse, déi an dësen, a wéinege Wochen entstanene Songs stiechen. D'Texter enkapsuléieren emotional Dilemmaen, där hiert Verständnes ee gären deenen dräi Dammen iwwerléisst, och wa si eng roueg Stäerkt hunn. Eng Saach, där ee sech kaum entzéie kann, ass an déi wonnerbar Tounlandschaften anzedauchen, déi dës EP ganz en Sourdine bis wäit un den Horizont schwiewe léisst. Een Album fir roueg Stonnen, dee gutt bei de Ree passt an dach genuch rau Ecken huet. Séiss ass et awer allemol.

Dräistëmmeg weiblech Stëmmharmonië si seele wéi Einhörner. An och esou schéin ze héieren, datt et schwéier ka ginn, Boygenius erëm auszemaachen. Op jiddwer Fall wann ee sech bis eragelooss huet op déi duuss Stëmmung vun der Musek. D'Lucy Dacus, déi eng prominent Roll an der Plack iwwerhëlt, huet dëst Joer den Album "Historian" erausbruecht, op deen ee kann zerécklauschtere goen, oder natierlech op dem Julian Baker hiren exzellenten Debut vun 2015. D'Phoebe Bridgers steiert d'Rocksensiblitéit bäi an huet d'lescht Joer mat "Stranger in the Alps" och eng acclaméiert Plack erausbruecht. Wat bei deenen Dräi zesummekënnt, erënnert un d'Bangles an u Snail Mail, mat engem zousätzlechen, situationnelle Charme, deen an der Produktioun vun der Plack läit. Sechs Songs ginn duer, fir e bëssen Zäit a Boygenius hirer rau-séisser Welt ze verbréngen, an d'Längt ass genee wéi alles aneres un dëser Plack schéin. Bonne Ecoute bei dëser Plack.