Radioen

On air

Notturno  |  The Nels Cline 4 - Imperfect 10

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ The Time - 777-9311

Sample vun der Woch

The Time - 777-9311

Am Sample vun der Woch hu mir seelen oder nach guer net iwwer de Genie vum Prince geschwat. Dës Kéier geet et ëm d'Grupp "The Time", en Nieweprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.

auto_stories

2 min

De Prince gëtt och just ënner sengem Pseudonym Jamie Starr op den Time-Albumen ernimmt. Den eenzegen Deel, deen net vum Prince agespillt gouf, ass de Gesang vum Lead-Sänger Morris Day: dat war e Kandheetskolleeg vun him.

All d'Museker sinn talentéiert Kënschtler a stamen aus Mineapolis. "The Time" ass entstanen, well de Prince e produktive Kënschtler war a säi Label dat erkannt huet. Warner Brothers huet him also erlaabt dësen Nieweprojet ze kreéieren.

Dëst huet fir de Prince gutt geklappt, well hien nieft senger eegener Musek nach aner Saache konnt erausbréngen, an hien doduerch och eng eege Support-Band fir seng Touren hat.

"The Time" huet d'Büne gerockt

"The Time" hu vläicht net d'Musek op hiren Albumen geschriwwen oder gespillt, awer si ware voll kapabel live op enger Bün ze rocken. D'Lidder vu "The Time" klénge wéi verlängert Synth-Funk Jams vun aacht bis zéng Minutten an erënneren um Prince seng bescht "Dirty Mind"-Ära.

D'Band huet véier Funk-Albumen erausbruecht, an engem liichten an humoristeschen Toun, staark beaflosst vu Rick James, Funkadelic, Parlament, James Brown a Sly Stone.

Hir Rumzäit war Ufank 80er. Hiren zweeten Album "What Time Is It?" am Joer 1982 ass besonnesch bemierkenswäert a begeeschtert Hardcore-Prince-Fans duerch Lidder wéi zum Beispill "777-9311".

Dësen erstaunlechen Titel gouf e puer Mol gesampelt, wéi zum Beispill vum 2Pac op sengem "What'z Ya Phone Number" vu sengem Album "All Eyez On Me" vun 1996.

Iwwerraschenderweis huet d'Fastwood-Chaîne McDonalds den Justin Timberlake dozou kritt, ee Lidd mat engem Jingle opzehuelen. D'Lidd "I'm Lovin' It" gouf 2003 produzéiert vum Pharell Williams vun den Neptunes.