Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The White Album

The Beatles - The BEATLES

The White Album

Op den Dag genee gëscht viru 50 Joer ass en erauskomm: de komplexe sougenannte 'wäissen Album' vun de Beatles. En Duebelalbum op deen de Fred Medernach an der nächster halwer Stonn nach emol zréckbléckt, dat an eiser serie 'Deja Vu' mat Kultalbummen aus vergaangene Musekdeeg.

auto_stories

1 min

U sech heescht den néngte Studioalbum vun de Beatles "The BEATLES", den Numm vun der Band a grousse Buschtawe geschriwwen. Et ass en Duebelalbum, Spilldauer iwwer 93 Minutten, e gëtt awer allgemeng wéinst dem wäissen, minimalistesch gehalene Cover op deem de Gruppennumm agestanzt ass, "The White Album", de wäissen Album genannt. Et ass deen éischte Bandalbum, deen um eegene Label Apple Records erauskënnt.

D'Inspiratioun fannen d'Museker, zesumme mat Kollegen a Famill, an Indien wärend enger Meditatiounsphas, opgeholl gëtt méi spéit zu London. D'Band ass zerstridden a sech net eens iwwer de musikalesche Wee. Vill vun den 30 Lidder ginn net am Quartett opgeholl a sinn éischter Solokompositioun, wéi datt nach Band Spirit drastécht.

Um Duebelalbum fënnt ee Liichtes ("Obladi Oblada"), ale Rock 'n' Roll ("Back In The USSR"), experimentell Klangkollagen ("Revolution 9" vum Duo Lennon/Ono), kritesch Texter ("Piggies" vum Harrison) ... an och de Ringo Starr däerf eemol hanner de Mikro ("Don't Pass Me By", iwwerraschenderweis eng Nummer eent an Dänemark). De Fred Medernach kuckt zeréck.