Radioen

On air

Notturno  |  Frank Zappa - You Are What You Is

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "This Old Dog" vum Mac DeMarco

Album vun der Woch

"This Old Dog" vum Mac DeMarco

Beim kanadesche Singer-Songwriter Mac DeMarco sengem drëtten Album steet och dës Kéier seng Gittar am Mëttelpunkt. "This Old Dog" ass d'Plack vun engem jonken alen Hues, deen den Nerv vun der Zäit trëfft an duerch säin douce Sound verféiert.

auto_stories

3 min

De Mac DeMarco ass wéinst ganz anere Saache bekannt wéi fir seng Musek. Eventuell kennt een de Kënschtler duerch seng plakeg Performance an engem Videoclip oder duerch e komesche Stunt op der Bühn, wéi hie sech en Objet an den Hënneschte stécht. De Mac DeMarco ass den Archetyp vum onraséierten Normalo ouni Ambitiounen an huet sech mat engem verréckte Sënn fir Humor säin ëffentlechen Image gefestegt. Woubäi ee kéint mengen, datt de Museker net kalkuléiert no Opmierksamkeet sicht an him esou Saachen einfach geschéien.

Säin neien Album "This Old Dog" ass net den Album vun engem Marketing-Stunt-Süchtegen Troublemaker, mä eppes ganz anescht. Am Verglach zu senge leschte Placken, déi agreabel genuch a voller Zeeche vu Songwritring-Talent sinn, geet de Mac DeMarco ee Schrëtt virun an eng Zort onopfälleg Exzellenz a relax Schéinheet. Näischt wat sech ze vill eescht hëlt, näischt wat sech iwwerschätzt oder ze vill probéiert. "This Old Dog" fillt sech zäitlos un. Et ass en Album, deen un d'Kläng aus de 70er Joren erënnert, zum Beispill u Folkrock Kënschtler wéi den Harry Nilsson oder de Randy Newman.

E sougenannte Quantum of Solace

Mat dësem Sound ass hien net eleng. Bands wéi Whitney, Singer-Songwriter à la Andy Schauf oder Father John Misty hunn a leschter Zäit schonn eng Parti Kéieren an dës musikalesch Këscht gegraff. De Sound ass salonfäeg gemaach ginn an domat - wéi et schéngt - een Nerv getraff ginn. Musek, bei där een sech einfach fale léisst. Et ass kee Klang, deen erausfuerdert oder stéiert. Alles an allem ee sougenannte Quantum of Solace an enger vill ze vill komplizéierter Welt.

Den DeMarco ass ee Vollbluttmuseker. A Kanada gouf de Kënschtler als MacBriare Samule Lanyon DeMarco gebuer. Säi Papp ass e Kanadier a seng Mamm huet italienesch Wuerzelen. Kuerz no der High School war hie Studiomuseker a Bäcker an ass op Vancouver geplënnert.

Säin éischten Album war eng selwer produzéiert Garage Rock-Plack. Déi huet dozou gefouert, datt hie mat der Band Japandrois aus Vancouver getourt ass. Eng Mini-LP mam Titel "Rock and Roll Night Club" huet seng Carrière gestart. Hie krut fir säin Album eng Mentioun an der Best New Music-Sektioun um Musekblog Pitchfork an e Plackendeal mam Label Captured Tracks. Säin Titel "Moving like Mike" gouf fir d’Reklamm vun enger Outlet-Chaîne benotzt, wat senge Geldsuergen en Enn gemaach huet.

No zwee Albume kënnt also säin drëtten eraus: "This Old Dog" ass méi en erwuessent Wierk. Wat besonnesch beandrockt ass, wéi flësseg a smooth e gespillt ass a wéi onwahrscheinlech direkt, echt an dach douce e kléngt. "This Old Dog" ass ee villverspriechenden drëtten Album vun engem jonken alen Hues, deen ee bal onbewosst mat Musek awéckelt a keng Traditioune brécht, duerch seng Rou, Zäitlosegkeet an typesch amerikanesch Schéinheet dann awer verféiert. Dat ass där klengster Errongenschafte keng.