Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Thundercat iwwer ranzege Punk a Guilty pleasures

E besonnesche Museker

Thundercat iwwer ranzege Punk a Guilty pleasures

De Stephen Bruner schaaft mat sengem verspillte Bass-Sound a liichte Falsetto faarweg Lidder, déi sech u 70er an 80er R&B, Jazz-Fusion a Funk inspiréieren. Seng Devis ass, ëmmer en oppent Ouer ze halen.

auto_stories

3 min

Zanter enger Dose Joren ass den Thundercat als gefrote Session-Bassist a Sänger ënnerwee. Et héiert een hien op ville Verëffentlechunge vum Produzent Flying Lotus oder och vum spirituellen Jazzmuseker Kamasi Washington. 2015 huet hien um Kendrick Lamar sengem visionäre Wierk "To Pimp A Butterfly" matgeschafft.

De Thundercat huet definitiv en eklektesche Museksgoût. Seng Devis ass, ëmmer en oppent Ouer ze hunn. Hie war esouguer Member vun der Crossover Punk-Band "Suicidal Tendencies". Ënnerlech ass en och nach ëmmer e Punk bliwwen.

"Absolut. Meng Kolleegen erféieren dacks driwwer, wéi ranzeg mäi Museksgoût heiansdo ka sinn. Mä jo, ech sinn definitiv nach ëmmer e Rock'n'Roller."

Et wier ee vu Natur aus vu verschidden Téin, Kläng ugezunn. Dacks wieren dës awer eng Comfort-Zon. Et misst ee sech vu senge musikalesche Preferenzen heiansdo distanzéieren a sech dobäi bewosst sinn, datt Musek sech konstant verännert.

Den Afloss vum Frank Zappa

Dem Thundercat seng Texter si witzeg, seng Technik um sechs-säitege Bass ass virtuos an a senger Musek ginn déi verschiddenst Iddie verschafft. Seng Kompositioune si rhythmesch a melodesch immens fräi. De Frank Zappa ass eng kloer Referenz am Thundercat senger Musek.

"De Frank Zappa ass definitiv ee vu mengen Helden. Seng Musek gouf a gëtt hautdesdaags nach ëmmer immens gebraucht. Mat senger Musek grouss ze ginn huet mäin Horizont richteg erweidert. Duerch hien hunn ech realiséiert, wat fir eng Bedeitung Musek kann hunn. Méi wéi nëmmen e Genre, dee vermaart gëtt.

De Frank Zappe huet mir d'Gefill ginn, datt et an der Rei war, ech selwer ze sinn. Ech hunn net méi geduecht, datt ech louche wier."

Obwuel genuch Zappa-esque, eckeg Momenter op sengem leschten Album "Drunk" ze héiere sinn, bleift de Thundercat accessibel. Musek ka fir hien awer ni ze vill verflecht oder iwwerstrukturéiert sinn. Et gi keng Limitten, wéi verréckt eng Kompositioun ka sinn.

"Musek ka séier oder lues sinn. Se kann immens ustrengend an ugespaant sinn. Et ginn esouvill Saachen, déi d'Musek verkierpere kann. An ech versiche fir all dës intensiv Expressiounen oppen ze bleiwen. Si sinn Deel vum musikalesche Gespréich, a sollen dat och ëmmer bleiwen."

Guilty pleasures?

D'Musek ass fir de Thundercat eng Welt, an där ee fräi ass alles z'exploréieren, ouni e Blat virun de Mond ze huelen. Humor a Kitsch fënnt ee vill a senger Musek erëm. Hien assuméiert och seng Virléift fir duussen a sentimentalen Pop aus de 70er/80er. De Michael McDonald an de Kenny Loggins sangen och op senger leschter Plack. Soft-Funk-Pop-Museker iwwer déi elitär Musekskritiker dacks de Geck maachen, déi si gläichzäiteg awer heemlech gäre lauschteren. Op englesch géif ee Musek vum Michael McDonald a Co als Guilty pleasure bezeechnen.

Mee firwat musse mir eis eigentlech schëlleg fillen wa mer dës Musek appreciéieren?

"Déi genee Fro hunn ech mir och gestallt (laacht). Ech ka mir nëmme virstellen an der Pop-Kultur mat engem Michael McDonald oder Gino Vannelli opzewuessen. Dës Museker hunn do nach ëmmer hir Plaz. Ech hunn de Michael McDonald duerch de Rapper Warren G entdeckt, duerch d'Lidd "Regulate". Dat war nëmmen den Ufank. Wou ech méi al gi sinn, hunn ech erausfonnt, datt hien op lauter anere Stécker Backing Vocals gemaach huet. An et war all Kéiers eng aner Experienz. Fir mech perséinlech ass et zum Schluss dach nëmme Musek."