Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tim Buckley - Happy/Sad

Songwriting XXL

Tim Buckley - Happy/Sad

Am Juli 1969 koum mat "Happy/Sad" dem amerikanesche Songwriter Tim Buckley säin drëtten Album eraus. Deen éischte mat exklusiv eegenem Material, fir dat den deemools 22järege sech Zäit hëlt: bal eng Dräivéierelsstonn fir just emol sechs Lidder. Eng Produktioun, déi iwwer de Bord vum klassesche Liddermécher erausluusst.

auto_stories

5 min

Et muss eng Zort Fluch iwwer der Famill Buckley geleeën hunn: déi zwee héichbegaabte Museker Tim, de Papp, an Jeff, de Jong, si scho mat 28 resp. 30 Joer gestuerwen.

Zäit fir Perséinleches ze erzielen

Singer/Songwriter ass d'Kategorie, an déi den Tim Buckley gemengerhand klasséiert gëtt - mat ville Folkaflëss awer och experimentellen Ausflich, fir déi de Buckley sech op dësem Album vill Zäit hëlt. Dat kënnt ë. a. an der Längt vun de Stécker zum Ausdrock, déi mat Ausnahm vun engem kuerze Lidd, dem "Sing A Song For You" alleguer däitlech méi laang sinn, wéi dat Usus ass ... net onbedéngt déi beschte Viraussetzunge fir Radio Airplay - mee dat war wuel net dem Buckley seng Haaptsuerg. Et ass en däitlecht Weidergoen a senger Musek festzestellen op dësem Album "Happy/Sad" A wann hien dofir eng zweestelleg Minuttenzuel brauch, dann ass dat eben esou!

Den neien, eegene Wee, deen den Tim Buckley op "Happy/Sad" aschléit, gesäit een direkt wann een op d'Klammer hanner de Lidder kuckt, déi mam Auteur/Kompositeur. Et ass net méi, wéi op den zwee éischte Releasen den Duo Tim Buckley/Larry Beckett. De Buckley ass fir d'éischte Kéier exklusiv solo ënnerwee, wat d'Wierder an d'Nouten ugeet. De Gros vun den Texter hat him bis ewell de Beckett geliwwert.

Just emol sechs Lidder sinn et, déi op "Happy/Sad" figuréieren, d'Spilldauer beleeft sech op bal 45 Minutten: eleng dëst beleet, datt den Tim Buckley eppes ze soen, ze sangen huet, Perséinleches wëllt vermëttelen a sech net méi mat friemen Texter wëllt ofginn. Just eemol kënnt de Larry Becket op dësem Album nach indirekt zu Éieren, am Lidd "Buzzin Fly". Et ass en Titel, deen scho laang virun dem Rescht vun "Happy/Sad' geschriwwe gouf, zu Highschoolzäite vum Buckley, a senger deemoleger Band Harlequin 3 war de Beckett zu där Zäit Drummer. Bassist war iwwregens den Jim Fielder, Originalmember vu Blood Sweat And Tears.

Zappa, Nico, Miles ...

Fir dem Tim Buckley säi stännegt Sichen iwwer de Bord vum méi traditionelle Singer/Songwriter Beräich eraus ass sécherlech den Ufank vu senger Carrière mat ausschlaggebend.

De Buckley spillt no senger Highschoolzäit dacks an engem Club am kaliforneschen Anaheim, wou hie vum Jimmy Carl Black, deem de Club gehéiert, entdeckt gëtt - de Black ass Drummer beim Frank Zappa sengen onkonventionelle Mothers Of Inventions a vermëttelt de Kontakt mam Label Elektra, op deem de Buckley publizéiere wäert.

De Black bleift eng Zort Mentor fir den Tim Buckley, hëlt hie mat an d'Virprogrammer vun de Leit, déi deemools d'Géigekultur personifizéieren: Zappa, d'Nico vu Velvet Underground, Jefferson Airplane, och mam Hendrix steet hien zesummen op der Bühn. Kee Wonner deemno, datt et net beim gewinnte Songwriting bleift, ëmsou méi wou den Tim Buckley duerch dës Kreesser och seng Léift zum Jazz a seng manner definéiert fest Strukturen entdeckt.

E Beispill heifir ass och däitlech um Album "Happy/Sad" ze héieren: de Cut 2, "Strange Feelin" ass Melodie-méisseg direkt inspiréiert vum Miles Davis sengem Stéck "All Blue", dat een op "Kind Of Blue" fënnt.

Mat "Happy/Sad" geet den Tim Buckley en neien, en eegene Songwriter Wee - a scheit sech net, dofir auszeuferen, ze probéieren, ze experimentéieren. Esou huet een net onbedéngt dem Tim Friedmann säin Instrument, de Vibraphon erwaart - net grad dat gängegst fir dee Genre Liddermécher, mee charakteristesch fir dëse Buckley-Album.

Aussergewéinlech ass och d'Kompositioun "Love from Room 109 at the Islander (On Pacific Coast Highway)" Net nëmmen e laangen Titel fir e Lidd, mee praktesch zwee Lidder an engem, dofir och déi zwee Ënnertitelen "Danang" an "Ashbury Park" an déi ongewinnt laang Dauer vu bal eelef Minutten heifir. D'Anekdot bei dësem Titel huet mat der Produktioun ze dinn, déi net optimal verlaf ass, well beim Oflauschteren no der Opnahm war däitlech elektresch Gesumms ze héieren - dat allerdéngs net sollt do sinn a gestéiert huet. Den Trick fir doriwwer ze goen huet aus engem Gimmick bestanen, deen all Mënsch - speziell Kritikermënschen - genial fonnt huet, ouni awer den Hannergrond ze kennen: fir d'Gesumms ze verstoppen gouf d'Geräisch vu Wellen, vum Ozean als Soundeffekt agespillt an als overdub driwwer geluecht.

Bei dëser Geleeënheet passen dann och d'Nimm vun de Produzenten: et waren den Zal Yanovski an den Jerry Yester, allebéid Museker vu Lovin Spoonful - déi vu "Summer In The City" oder och "What A Day For A Daydream".

Tim & Jeff

Vum Tim Buckley sengem drëtten Album "Happy/Sad" verdéngt e weideren Titel eng Grëtz méi Opmierksamkeet: "Dreamletter", e Lidd dat hie fir säi Jong, de Jeff Buckley, geschriwwen huet ... dee jo och spéider sollt, eng leider och nëmme kuerz Songwriter Carrière, aschloen. Et war dat schonn den zweeten Exercice an deem Genre, Premiere hat dës Papp/Jong Lidderbezéiung um Album virdrun mat "I Never Asked You a Mountain".

Den Tim Buckley hat de Jeff zesumme mat der Mary Guibert. D'Bestietnes huet awer just emol ee Joer gedauert ... seng Ex-Fra an hiert Kand sollten awer eng stänneg Quell vun Inspiratioun fir de Museker bleiwen.

"Happy/Sad" vum Tim Buckley ass bis haut en interessanten Album, well en de Genre Singer/Songwriter vun enger méi ongewinnter Säit weist, mat ville laangen Titelen, voller Melancholie a Gefiller, dacks filigran a scho bal zerbriechlech, mat Jam-aartege Mouvementer a mat däitlechen Jazzaflëss.

Et gouf vill Unerkennung a Kolleegekreesser fir dëse Release. Leider net an de Verkafszuelen, wat de Buckley zu nach méi Experimenter a senger Musek sollt drécken. Mat leider engem trageschen Enn am Juni 1975, bestëmmt vu Legalem an Illegalem, am Alter vun 28 Joer.