Elektronesch Musek Tim Exile: Programméieren ass komponéieren

Elektronesch Musek ass dacks statesch a virprogramméiert. De britesche Museker a Produzent Tim Exile wollt kënnen improviséieren, wann hie live spillt. Dofir huet hie sech en Instrument gebaut: D'Flow machine.

Yves Stephany

Tim Exile
Tim Exile

Am Kär vun der Flow machine steet eng Sammlung vu Software-Applikatiounen, déi den Tim Exile selwer programméiert huet, an déi hie mat verschiddenen Interfacë kontrolléiert. D'Basis zur Kreatioun vu Kläng kënne Sampelen, Synthesizeren, oder ganz einfach seng Stëmm sinn.

De Klang vu senger Performance ass méi rau, wéi een dat bei elektronescher Musek gewinnt ass. "D'Reaktioune vun de Leit hänken dovun of, ob si de Kontext verstinn", erkläert den Tim Exile. Et géif hëllefen, wann hien dem Publikum virum Concert kéint erklären, wat hie genee op der Bühn mécht.

Den Algorithmus als Kompositioun

D'Programméiere vu Software-Instrumenter ass zum Deel komponéieren, seet den Tim Exile. "Ech kéint soen, datt mäi Liewen als Artist, deen improviséiert, eng Kompositioun ass. Mee de Prozess vum komponéiere geschitt schonn dee Moment, wou ech d'Maschinn programméieren, déi et mir erlaabt, fir live ze spillen." Kënschtler wéi den John Cage an d'Fluxus-Beweegung hätte schonn an de 60er Joren d'Komponéieren u sech a Fro gestallt. Si hätte sech vu strikter Notatioun distanzéiert an d'Element vum Zoufall an d'Spill bruecht. D'Flow Machine wier wéi e komplext Spill mat Wierfelen.

D'Interaktioun mam Publikum ass e weideren Aspekt, deen de Museker interesséiert. Zum Beispill hat hien e Projet entwéckelt, wou Internauten him Sampele konnte schécken, déi hien an Echtzäit an enger improviséiert Performance benotzt huet.

Momentan schafft den Tim Exile un enger Software-Léisung, déi kollektiivt musikalescht Improviséiere soll erméiglechen. Detailer doriwwer géif hie geschwë public maachen.


Dat ganzt Gespréich vum Chris Zeien an Yves Stephany mam Tim Exile, den 12. Mee an der Rockhal am Kader vu 24 Heures Électroniques

Tim Exile

Méi zum Thema

Jenn Wasner
Wye Oak

Op hirem neien Album léisst déi amerikanesch Indie-Band Wye Oak hir ursprénglech Missioun hannert sech. Si hätten d'Méiglechkeete vum Duo all exploréiert, seet d'Sängerin Jenn Wasner am Gespréich.

Lorenzo Senni
Elektronesch Musek

Ier de Lorenzo Senni ugefaangen huet, elektronesch Musek ze produzéieren, war hie Batteur. Elo fënnt een interessanterweis keng Beats a senger Musek. Déi huet hien all am Kapp, wann hie spillt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen