Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - My Favorite Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tuys vertrëtt Lëtzebuerg beim Eurosonic

Musek

Tuys vertrëtt Lëtzebuerg beim Eurosonic

Tuys vertrëtt Lëtzebuerg nächste Weekend um Eurosonic Festival. D'Manifestatioun zu Groningen ass deen éischte grousse Showcase Event am Joer. Hei decidéiert sech, wéi eng nei Talenter een am Summer op den europäesche Festivalle ka gesinn. Datt den Eurosonic dëst Joer digital iwwer d'Bün geet, huet fir Iech ee grousse Virdeel: Dir kënnt gratis mat dobäi sinn.

auto_stories

2 min


Lauschtert de Bäitrag vum Yves Stephanyplay_arrow


Dëst Joer ka jiddwereen de Festival gratis aus senger Stuff suivéieren. Iwwer esns.nl ginn tëschent dem 13. an dem 16. Januar all Owend vun 8 bis hallwer 12 Concerten diffuséiert. 180 Acts aus iwwer 50 Länner stinn um Programm.

Fir Lëtzebuerg ass dëst Joer just eng Band mat dobäi: Tuys spillt op Invitatioun vum radio 100,7.

D'Indie Pop Band hat 2020 schonn eng Rëtsch online-Showcase gespillt. De Keyboarder a Gittarist Tun Biever schwätzt vun éischter positiven Erfarungen: "Et kann ee bëssen anescht iwwerleeën, wéi wann een eng Liveshow spillt. (...) Mee wéi vill et herno bréngt, ass ëmmer schwéier ze soen."

Tuys hunn 2020 trotz Pandemie nei Musek erausbruecht, an un hirer Karriär geschafft. Si si professionell encadréiert, a wunne mëttlerweil alle véier zesummen zu Berlin. Déi jonk Museker gi mat engem virsiichtegen Optimismus an dat nei Joer eran. "Eis Tour, déi ofgesot ginn ass, déi ass elo scho bal bësse verjäert", seet den Tun Biever. Dofir kéinte si sech elo ganz drop konzentréiere fir en Album ze schreiwen.

Tuys hoffen, am Fréijoer oder am Summer bësse méi speziell Konzepter ënner fräiem Himmel kënnen ze spillen. An am Hierscht hoffe si nees a klenge Clubs dierfen opzetrieden.

Den Tun Bieverplay_arrow

"Wa mir eppes geléiert hunn duerch d'lescht Joer, dann ass et seng Erwaardunge kleng setzen a virun allem probéiere méi speziell Saachen ze maachen, déi un d'Situatioun ugepasst sinn a sech net irrealistesch Erwaardunge setzen."

Den Optrëtt, deen am Kader vum Eurosonic gewise gëtt, ass d'Aircheck Session, déi de radio 100,7 den 21. November live aus der Kulturfabrik diffuséiert hat. Dat wier endlech nees e "richtege Live-Moment" gewiescht, seet den Tun Biever. Tuys hätten déi Zort vun Opreegung a leschter Zäit vermësst.

Dee Live Moment kënnt Dir e Freideg, de 15. Januar am Kader vum Eurosonic Festival erliewen. Den Optrëtt vun Tuys gëtt um 20:25 op esns.nl iwwerdroen.