Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dumbo Tracks - Slow Despair Feat. Marker Starling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tvesla sinn zeréck

Noisum Cracum

Tvesla sinn zeréck

Wee Rockmusek zu Lëtzebuerg suivéiert, huet et scho matkritt: No siwe Joer Paus stinn Tvesla nees op der Bühn. Den Trio huet e komplett neie Programm an eng nei Dynamik. Och en Album ass geplangt.

auto_stories

4 min

Serge Hilbert (Gittar), Arno Eschenauer (Batterie)

2009 gouf et ee lescht Liewenszeeche vun Tvesla. Zwee vun den dräi Bandmembere waren duerno am Ausland. Zanter Mee 2015 ass de Lëtzebuerger Trio nees am Proufsall aktiv. Nach e Joer méi spéit sti si lo nees zesummen op der Bühn: De 14. Mee ass e Concert am Gudde Wëllen.

Méi aggressiv no siwe Joer Paus

"Déi éischt Prouf no siwe Joer war einfach, wéi wann s de ni opgehal häss", erkläert de Serge Hilbert. D'Kommunikatioun zwëschent de Museker leeft och no der Paus gréisstendeels op engem net-verbalen Niveau. "De Serge huet een Accord ugeschloen, an du wousst ech direkt wat maachen", seet den Arno Eschenauer. D'Konstellatioun vun dräi Museker, déi sech einfach blann verstinn wär eng Chance, déi si bei anere Projeten net an deem Mooss gehat hätten.

"Ech hu keng Loscht méi déi al Kamellen ze spillen", seet de Serge Hilbert. "Mir hunn do weider gemaach, wou mir opgehal haten, mee mat neie Lidder." Déi nei Stécker si méi kuerz, méi op de Punkt a méi aggressiv. "Et ass méi direkt a manner ronderëmgespillt", mengt den Arno. "Méi Vollgas." Déi nei Approche geet awer net op Käschte vun der Atmosphär, déi d'Museker an hire Kompositiounen opbauen.

Neien Album an Optrëtter am Ausland

Am August geet Tvesla an de Studio, fir hir nei Stécker opzehuelen. Geplangt ass eng LP mat op d'mannst siwe Stécker. E Release-Datum fir wëllen d'Museker awer net nennen. "Mir wollten dat ganz gemittlech ugoen", seet den Arno.

Nom Optrëtt vum 14. Mee sinn zwar nach keng weider Concerte geplangt, d'Band wëll awer spillen. Awer virun allem baussent dem Grand-Duché. "Mir hunn op all Dëppefest gespillt. Ëmmer war mir gefrot goufen, hu mir jo gesot", erënnert sech den Arno. Et wär lo wichteg, datt d'Optrëtter hinnen eppes géife bréngen.

Klangmolerei als Kompositiouns-Strategie

Obwuel Tvesla instrumental Musek maachen, hunn hir Kompositiounen dacks ee ganz konkreten Hannergrond. "Meeschtens setze mir eis en Thema", erkläert de Serge. Dat kann e Wuert, en Numm oder e Gefill sinn, wat d'Band probéiert musikalesch auszedrécken. Dëst Wuert gëtt dann och den Titel vum Stéck.

Dacks ass et regelrecht Klangmolerei, wéi bei "Mammut", "Roboter" oder "Alternator". Heiansdo gëtt et awer och eng Geschicht. Wéi bei Kaktus: "An deem Proufsall wou mir déi Zäit geprouft hunn, stoung e Kaktus. An deen ass ëmgefall, an du war de Kaktus futti."


​Tvesla op bandcamp: https://tvesla.bandcamp.com/
De Serge Hilbert (Gittar) an den Arno Eschenauer (Batterie) waren den 11. Mee Invitéen an der Emissioun Backstage)