Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Murder Of Birds (Undressed) Feat. Guy Garvey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ustiechend R'n'B-Diskokugel-Atmosphär mat Kapp

Jessy Lanza - All The Time

Ustiechend R'n'B-Diskokugel-Atmosphär mat Kapp

Fir den Album vun der Woch geet et déi Kéier op d'Danzfläch. Dëse Freideg bréngt nämlech d'Kanadierin Jessy Lanza hir drëtt Plack "All The Time" eraus, an den Jamie Reinert ass vun hirem intelligente Pop begeeschtert.

auto_stories

3 min

Zanter 2013 fabrizéiert d'Jessy Lanza e séissen experimentellen Amalgamm vun eklekteschem Synthpop, 90er R'n'B, Funk a villes méi, an dat mat der richteger Dosis Kitsch. Déi fréier Museksproff aus dem Ontario geet mat enger besonnescher Sensibilitéit un hir Aarbecht erun a liwwert op hirem neie Wierk Discokugel-Atmosphär mat Kapp. Hir eckeg Beats schläiche sech frech un een erun. D'Rhythme si komplex awer direkt. Intelligente Pop kéint ee soen, wou d'Kierperlechkeet ni op d'Käschte vum Verstand sacrifiéiert gëtt. Wou een engersäits ofschalte kann, awer trotzdeem genuch Substanz gebuede kritt fir déi gro Matière waakreg ze halen.

Der Jessy Lanza hir räich a muusseg Produktioun ëmwéckelt ee wéi Watt. Si appreciéiert och d'Konscht vun engem gudden Hook. Op "All The Time" kritt ee genuch musikalesch Motiver, kleng Melodië gebueden, déi ee wéi en Hoken afänken. Et ass och virun allem der Kanadierin hir eegenaarteg Stëmm, déi een anhëlt. Janet Jackson a Patrice Rushen si present, awer ebe staark mat Effekter traitéiert. D'Jessy Lanza an hire musikalesche Partner, den Jeremy Greenspan, dee si zanter hirem Debut a Saache Produktioun begleet, hu sech zemools mam Delay, dee mat vill Takt a Kreativitéit agesat gëtt.
Den neien Album ass gefëllt mat charmant louche Sounds. Et blubbert, zischt, jiipst an heiansdo schéngt et wéi wann de Synthi esouguer räpse géing. Eegenaarteg Téin, déi op der Danzfläch schmunzelen dinn, an an der Geschicht vun der elektronescher Musek verankert sinn. D'Jessy Lanza weist eng Maîtrise vum Synthesizer an Drum machines op, eng Passioun fir déi futuristesch Apparater mat ville Knäppercher a sëllegen Optiounen. Um Enn huet sech eng reduzéiert Palett vu Kläng erauskristalliséiert, déi "All The Time" zu enger eenheetlecher, awer trotzdeem variabeler Experienz maachen.

Der Jessy Lanza hir Musek beweegt sech tëschent Underground a Pop. Si genéisst grad esouvill déi mierf elektronesch Welt vum Yellow Magic Orchestra, wéi déi neiste kommerziell Single vum Drake. Hir Pop-Visioun ass inklusiv a gëtt engem eng frësch an hoffnungsvoll Perspektiv op d'Lag vun der populärer moderner Musek. D'Texter huelen eegenen Aussoen no déi Kéier eng méi wichteg Roll un. D'Kanadierin verschafft hir Roserei géigeniwwer der Gesellschaft. Dialogéiert mat sech selwer, hannerfreet, wat vu Fraen erwaart gëtt. Hanner dem musikalesche Glitzer stécht méi wéi ee mengt.

"All The Time" ass eng zerebral awer immens danzbar Pop-Plack mat ville wonnerbar laangen Delay-Spuren, déi ee bis an d'Onendlechkeet begleeden.