Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nicool - Al

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ David Laborier: NE:X:T

Jazzgittarist

David Laborier: NE:X:T

D'Kompositioune sinn "aus Spaass, fir sech e bëssen e Pleséier ze maachen" entstanen, erzielt den David Laborier. E Projet, mat deem sengem Resultat hie ganz zefridden ass. Fir d'Kompositioune vun "NE:X:T" huet de Museker sech Zäit gelooss.

auto_stories

2 min

Tëschent sengem leschte Solo-Projet "Choices" vun 2014 an dësem neien Opus, hat den David Laborier allerlee ze dinn. De Projet mam OPL an der Sängerin Angélique Kidjo, initiéiert vum Gast Waltzing, bei deem de Gittarist och matgeschriwwen hat.

En Disk, dee mat engem Grammy ausgezeechent gouf, a mat deem si vill ënnerwee waren. An dann en Album vu lëtzebuergesche Lidder, verswingt arrangéiert fir den Orchestre National de Jazz Luxembourg (ONJL). Dobäi ass den David Laborier Enseignant am Stater Conservatoire.

En Album op CD, mee och op Vinyl

Opgeholl goufen déi siwen Tracks vum Album NE:X:T am Studio ICP zu Bréissel, e legendäert Haus, wou vill bekannten international Artisten ophuelen. Zur Fro, wéi den David Laborier seng Musek op dësem Disk géif beschreiwen. mengt hien:

"Um Album ass d'Musek zimlech vill arrangéiert. Mee et ass och Musek vun engem Prozess, dat heescht de Prozess vun deem Moment, wou een et schreift, iwwer déi éischt Prouwen, wou ee probéiert an nees ëmschreift. Wann een et versicht op Band ze kréien, do geschéien och nach Saachen. Am Endeffekt ass een ëmmer virbehalen, wann een d'Resultat soll beschreiwen. D'Leit, déi et lauschteren sinn an enger besserer Positioun fir et ze beschreiwen, wéi déi, déi näischt mam ganze Prozess ze dinn haten.", esou den David Laborier.

De Gittarist huet fir dësen Album als Besetzung e Sextett gewielt, mat engem Set vun dräi Bléiser:

David Laborier - Gittar, Marc Huynen, Trompett a Bugel, Pierre Cocq-Anman - Saxophonen, Tim Daemen - Trombonn, Sebastian Schlapbe Flach - Bass, Niels Engel - Batterie.

Live-Optrëtter

Wien den David Laborier live mat sengem neie Projet lauschtere wëllt, muss am Ament op Berlin reesen. Sonndeg 9. Dezember 2018: David Laborier NE:X:T @ B-Flat Berlin - Dircksenstr. 40, D-10178 Berlin-Mitte

Infoen och op: www.labojazz.com

Den David Laborier war am Studio beim Manuel Ribeiro fir an der Emissioun Blue Note säi rezentsten Album virzestellen: