Falls et zu Freiburg oder Heidelberg nach Indie-Discoe soll ginn, da gëtt do garantéiert op Musek vun der neier Plack vum Jens Friebe gedanzt. "Fuck Penetration".
Fuck Penetration ass natierlech e Wuertspill, dat een an där Form op all Poetryslam an iergendenger däitscher Studentestad kéint héieren, mee hanner dësem scheinbar platte Spill verstoppt sech alles, wat de Pop-Enthusiast an däitsche Feuilleton-Lieser Freed mécht: Gutt Laun, Politik, Kapitalismus-Kritik, Sex, Identitéitsfroen an Häerzschmäerz. An da séngt de Friebe net just nëmmen op Däitsch, wéi hien dat bis elo ëmmer gemaach huet, mee d'autant plus op Englesch. Dat huet net just ästhetesch Grënn, wéi een dat beim éiwegen Dandy Jens Friebe kéint mengen, mee dramaturgesch. Sou eegent sech, sengen eegenen Aussoen no, déi eng Sprooch méi wéi déi aner, je nodeem wat hie songméisseg maache wëllt.
"Et gëtt kee richtegt Liewen am falschen"
"Ich bin Alphatier / Call Me Queer / Ich schau Fussball und trink Bier / Ich schlafe nur mit Frauen / Call Me Queer " Glaskloer rechent de Friebe mat Typen of, déi sech Terminologie appropriéieren, ouni eng Sekonn tatsächlech, soe mir emol, "gelidden" ze hunn, fir dann am Fong just nëmme Frae kënnen ofzeschleefen. Musikalesch begleet hien en zimlech séiere Stakkato-Piano mat enger dréchener Bass-Drum. "Call Me Queer" ass esou den zyneschste Song um ganzen Album.
Vill Witz, Absurditéit an Dada
De Jens Friebe geet soss awer immens léif mat senge Personnagen, senge Special people a mat sech selwer ëm. Mat vill Witz, Absurditéit an Dada - wéi um Song Tränen eines Hundes - geet de Chansonnier, Pop-Kënschtler an Entertainer un dësen Album, dee bei allem hyper-bewossten existenzialistesche Moment och einfach mol niewebäi nees d'Danzpist politiséiere wëllt. "Charity/Therapy" mat sengem fette Synth ass an deem Kontext och kuerz ze ernimmen. Natierlech ass dat post-modernt Pastiche-Referenz-Gedeessems net 100 Prozent ze duerchblécken, mee "Fuck Penetration" vum Jens Friebe ass nees e Beweis, datt 2018 e fantastescht Joer fir Pop a Rock aus dem däitschsproochege Raum ass.