Radioen

On air

De Weekend  |  Holiday Ghosts - Big Congratulations

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Viru 50 Joer: Cat Stevens - Catch Bull At Four

Déjà Vu

Viru 50 Joer: Cat Stevens - Catch Bull At Four

Nodenkleches a Poetesches vum englesche Singer/Songwriter aus dem September 1972. Viru 50 Joer koum "Catch Bull At Four" vum Cat Stevens eraus. De Fred Medernach huet sech dëse Release nach eng Kéier ugekuckt.

auto_stories

5 min

De Cat Stevens an de 70er Joren. Foto: picture-alliance / dpa | dpa

"Catch Bull At Four" ass am September 1972 de sechste Studioalbum vum Englänner mat griichesche Wuerzelen. E weist e Museker op der Sich.

Mat sengen deemools 24 Joer ass de Museker mat biergerlechem Numm Steven Georgiou schonns en Topstar, wat Chartpositiounen a Plackeverkeef ugeet. Albume wéi "Mona Bone Jakon", "Tea For The Tillerman" an "Teaser And The Firecat" hu weltwäit fir Popularitéit gesuergt, den duusse Singer/Songwriter-Sound drängt sech net op a geet nawell an d'Ouer, Lidder ewéi "Morning Has Broken" oder "Lady d'Arbanville" hu bis haut iwwerlieft.

Nodenken/Ëmdenken

Den Erfolleg huet awer och säi Präis: Tournéeë ronderëm de Globus, ee Concert nom aneren, d'Medien zéie mat an Anonymitéit gëtt e Friemwuert. De Cat Stevens genéisst a mécht sech trotzdeem seng Gedanken, ob dat et dann elo wierklech ass, an hie mécht sech op d'Sich. Op d'Sich no anere Wäerter. Et gëtt e laange Wee, dee mam Album "Catch Bull At Four" ufänkt.

Den Albumtitel verréit, a wéi eng Richtung et mat "Catch Bull At Four" geet: e kënnt aus dem Zen-Buddhismus, aus enger Kollektioun vu Gedichter an Illustratiounen vum Kuoan Shiyuan aus dem 12. Joerhonnert, déi zur banneschter Erleuchtung féieren.

An der véierter vun zéng Etappe geet et drëm de Stéier bei den Haren ze huelen, de Kampf unzehuelen: ee weidere Schratt um Wee no spirituellem Fortschrëtt,

De Cover vum Album ënnerstëtzt dëse Schratt, deen de Cat Stevens ënnerhëlt, e weist eng Konfrontatioun tëschent Mënsch a Stéier, am anticke asiatesche Zeeche-Stil gehalen.

Meditatioun gëtt fir de Museker e Schlësselwuert - nodenken, wéi ee sech selwer an d'Welt kann anescht gestalten. Reflexiounen, déi et schonns am éischte vun den zéng Lidder um Album gëtt: a "Sitting" ass et eng Bestandsopnam vum Museker sengem Liewe bis dohinner an direkt an der éischter Zeil d'Affirmatioun: "I'm On My Way"!

Nei musikalesch Akzenter

De Cat Stevens ass en erfollegsverwinnte Museker, dee bannent e puer Joer e Milliounepublikum erreecht. Dat wäert och de Fall si mam Album "Catch Bull At Four", op deem de Stevens sech awer net als Copy/Paste-Kënschtler weist, och wann ee beim éischte Lauschteren net allze vill Neies mengt eraus ze héieren, wat net zu lescht dorunner läit, datt déi melodiéis an duuss Stëmm vum Museker en onverkennbare Charme huet.

An dach: den Album ass manner akustesch gehale wéi seng Virgänger, d'Gittare sinn och alt emol elektresch, de Cat Stevens setzt sech hanner de Piano, an op dräi Stécker sinn - dezent - Synthesizer ze héieren, dat ass Neiland. D'Produktioun ass e gutt Stéck méi opwänneg ouni iwwerlueden ze sinn.

"Catch Bull At Four" ass keng Kollektioun vu Radiosingelen, wéi een dat hätt kënne beim Bekanntheets- a Beléiftheetsgrad vum Museker erwaarden: méi gespillt gëtt trotzdeem den Track "Can't Keep It In", wou de Cat Stevens all seng Léift fir d'Mënschen an d'Welt ronderëm hie beséngt, hie kënnt se einfach net fir sech halen.

Déi bannescht Rees

Den Ufank vun engem spirituelle Wee, ewech vu Materiellem, vum Popstar sinn, vum onrouege Liewen am Scheinwerferliicht: mat "Catch Bull At Four" fänkt de Cat Stevens eng laang an intensiv bannescht Rees un, eng déi sech op dësem Album vill mat meditativen Texter an dem Zen-Buddhismus beschäftegt an déi 1978, sechs Joer duerno, mat dem Konvertéieren zum Islam an dem neien Numm "Yussuf' wäert e virleefegt Enn huelen.

"All I Know Is I Feel Right Now", heescht et am Album-Opener "Sitting": de Museker fillt sech wuel a confirméiert a sengem Choix. An hie weist mam Fanger op säin - op eist - Ëmfeld, dat a méi wéi engem vu sengen Texter däischter, haart an am Verfall duergestallt gëtt.

Als eent vu méi Beispiller den Titel "Ruins", Ruinen, d'Wuert seet et schonns, eng elle Welt, et wier gefillte Wanter wat hien empfënnt: "Evil destruction has taken everything". Mir mussen zeréckgoen, zeréckschrauwen, d'Welt muss erëm gréng ginn, d'Waasser propper, d'Sonn muss schéngen - en apokalyptesche Cat Stevens.

Zen-Kraaft

Vill Nodenkleches, vill Meditatives, vill mam Fanger op Mëssstänn weisen: vun den Texter hier ass "Catch Bull At Four" alles anescht wéi labberen a lëftegen Hitparadekascht.

Säin Interessi fir de Zen-Buddhismus gëtt dem Cat Stevens awer och Kraaft sech ze wieren, de baussechte Mëssstänn duerch bannescht Stäerkt entgéinttrieden, am Bewosstsinn, datt de Wee zu Verännerungen laang a schwéier ass.

Dëse Glawen un eng aner, eng besser Welt verleet de Museker dann och zu méi optimistesche Lidder um Album wéi d'Piano-Ballad "Silent Sunlight", wou hien sech iwwerzeegt weist, mir kéinten erëm vu vir ufänken, wéi a "Sweet Scarlet" wou et ganz einfach em romantesch Léift geet oder och a "The Boy With the Moon and Star on His Head", mat Kanner als Garant fir Changementer an déi richteg Richtung.

Catch Bull At Four kënnt an den USA fir dräi Wochen op d'Nummer eent, doheem an England op d'Nummer zwee an den Charts. Net schlecht fir een, deen e neien Ufank bei sech selwer sicht an der Welt dat matdeelt.