Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Casting an de Blues

Album vun der Woch

Vum Casting an de Blues

Ina Forsman: "Vill Soul, e Schotz Blues, knackeg Bléiser-Arrangementer ... an eng Stëmm, déi fir dee Genre wéi gemaach ass!", esou de Fred Medernach.

auto_stories

2 min

Um Ufank stoung eng Castingshow zu Helsinki. Méi séier huet d'Ina Forsman sech vun dësem Entourage lassgesot an huet bei enger finnescher Bluesband matgemaach. Déi si mat hirem Repertoire – vun Amy iwwert Ella bis Aretha – iwwerzeegt huet, dass hire Blues schwaarz wier. Mat Soul gemëscht. An dass si eigentlech op Etikette géif päifen, dass si hir Lidder géif selwer schreiwen, dass si en Album an der Kopp hätt an dofir déi beschte Museker rondrëm sech bräicht. D’Ina Forsman schéngt déi néideg Iwwerzeegungskraaft gehat ze hunn: fir den Album, dee just hire Numm dréit krut d’Finnin e Budget, et goung eriwwer op Austin, Texas ... an déi éischt musikalesch Visitëkaart ass do!

"Schwaarz Musek"

Eng Stëmm huet d’Ina Forsman, ouni Zweiwel an hir Haut, esou eng Ausso vun hir, wier schwaarz, esou wéi déi Musek, déi si gär huet. Dat alles mat just emol 20 Joer. A si krut déi Equipe zur Verfügung gestallt, déi fir esou eng Entreprise noutwenneg ass: mam finneschen Top-Gitarrist Tomi Leino de richtege Mann fir hir Texter a Nouten ëmzesetzen, mam Roomful Of Blues-Saxophonist Mark Kazanoff a sengen Texas Horns eng vun de renomméierste Bléiser-Formatiounen – woubäi dem Kazanoff seng joerzéngtelaang Erfahrung och nach an d’Produktioun mat agefloss ass. Mat der Gittaristin Laura Chavez, dem Helge Tallquist op der Mondharmonika an dem Russell Jackson um Bass, sinn exzellent Leit aus dem Blues rondrëm si, déi dëse Genre-Begrëff awer labber gesinn – an dofir ass dësen Debutalbum vum Ina Forsman och alles anescht wéi e renge Blues-Album ginn, mee eng interessant Visitëkaart mat Soultouch ... déi Loscht op méi mécht!