Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Catharsis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Concertssall an de Flüchtlingscamp

Den OPL op Tournée

Vum Concertssall an de Flüchtlingscamp

D'Fondatioun EME mat OPL-Museker an engem Flüchtlingscamp a Griichenland, no der europäescher Tournée am Juni. De Manuel Ribeiro war mat de Museker bei de Workshoppen dobäi - Erfarungen, déi all déi Bedeelegt beréiert hunn.

auto_stories

3 min

Wann de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg op Tournée geet, bitt sech och d'Geleeënheet fir verschidden Orchestermuseker, sech sozial ze engagéieren. No der europäescher Tournée an deene éischten zwou Wochen hu Museker iwwer d'Fondatioun EME (Écouter pour mieux s'entendre), Flüchtlingskanner a Jugendlecher a Griichenland, iwwer Workshoppen d'Musek méi nobruecht.

Ëm déi 60.000 Flüchtlinge si momentan a Griichenland an diverse Campen ënnerbruecht. Déi meescht hunn d'Hoffnung an engem aneren EU-Land, mat enger Preferenz fir Däitschland, Schweden oder Holland, kënnen auszewanderen. D'Regularisatioun vun deene villen Asyldemandeuren ass komplizéiert an ofhängeg vun hiren Originnen. Esou eng Prozedur dauert hei op d'mannst ee Joer an aacht Méint, eng laang Zäit, an där déi erwuesse Flüchtlingen net schaffen däerfen. An de Flüchtlingscampen ass d'Zäitnotioun eng ganz aner, alles geet méi lues, et weess een net, wéi eng Perspektiven ee fir d'Zukunft huet. Glécklecherweis gi Flüchtlingskanner awer scolariséiert a kréien och d'Méiglechkeet, Sport oder Musek ze maachen.

Zanter 2016 gëtt et eng Institutioun, déi sech drëm këmmert, net nëmmen an dëse Lageren, mee och an Aarmevéierele vun Athen, gratis Musek am Grupp ze enseignéieren. El Systema Griichenland funktionéiert op dem Modell, déi di bekannte venezuelanesch Institutioun viru enger Partie Joerzéngten entwéckelt huet. Net vill Theorie, mee duerch eng direkt praxisorientéiert Method solle Kanner a Jugendlecher am Grupp Musek spille léieren.

OPL Museker am CAMP (Foto: Philharmonie / Sophie Delhaye)

Am Kader vun der Tournée vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, déi iwwer verschidde Stied bis op Athen geféiert huet, huet d'Fondatioun EME eng Partie Workshoppe mat OPL Museker am Skaramagkas Flüchtlingscamp an am Stadvéierel Kypselis zu Athen proposéiert. El Systema war vun der Iddi begeeschtert.

Net nëmme Kanner a Jugendlecher konnte bei dëse Workshoppen eppes bäiléieren, mee och d'Museker hunn eng nei Experienz mat heem geholl. Eng Experienz, déi den OPL an der nächster Tournée am Hierscht a Südamerika bestëmmt widderhuele wäert, esou d'Dominique Hansen, Direktesch vun der Fondatioun EME.

Eng weider erfollegräich europäesch Tournée vum OPL

D'Tournée vum OPL, déi vum 3. Juni bis de 17. Juni 2019 duerch grouss Stied gaangen ass, war e volle Succès: Bréissel, Hannover, Düsseldorf, Hamburg, Ljubliana, Dortmund, Wien an och Tierkei mat de Stied Izmir an Istanbul.

Den Ofschloss war de 17. Juni am Herodes Atticus Odeon zu Athen, en anticken Theater aus dem Joer 161 um Fouss vun der Akropolis. De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg konnt an dëser fantastescher Kuliss eng 3.500 Nolauschterer begeeschteren. An der Wallis hat den OPL och den adequate Repertoire: d'sinfonesch Dichtung "Der Sturm" vum Tchaikovsky an d'Orchestersuite "Der Feuervogel" vum Stravinsky. Zwee Wierker, an där déi Lëtzebuerger Phalange seng herrlech Faarfpalett weise konnt, beräichert vun enger delikater a präziser Interpretatioun. Solistin war déi bekannte Pianistin Yuja Wang, déi de Publikum begeeschtert huet mat der "Rhapsody in Blue" vum Gershwin, dem onbekannten zweete Pianosconcerto vum Shostakovich, an den zwee Bissen.

OPL am Herodes Atticus Odeon (Foto: Manuel Ribeiro)

Eng Tournée, déi et nees erméiglecht huet ze weisen, datt Lëtzebuerg en herrlechen Orchester vun internationalem Rang huet, dëst ënner der Direktioun vu sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno. Des Weidere stäerkt eng Tournée net nëmmen de Kohäsiounsgrupp vum Orchester, mee dat intensiivt Schaffe mat engem Dirigent erhéicht Interpretatiounsqualitéit.

De Manuel Ribeiro huet de Schluss vun der Tournée begleet a war an de Flüchtlingscampen dobäi. An der Emissioun Musek am Gespréich héiert Dir Andréck a Gespréicher mat Museker vum OPL, Responsabele vum Orchester, wéi vun der Fondatioun EME, vun El Systema Griichenland an Interventioune vu Flüchtlingskanner a Jugendlecher.