Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wa Stréi zu Gold gesponne gëtt

Alabaster de Plume - Gold

Wa Stréi zu Gold gesponne gëtt

Eng Aart soziale Situationismus mécht dem Alabaster de Plume säin experimentellen Jazz zu enger Musek, där hire Kreatiouns-Prozess duerchschéngt. Ustrengend? Jo! Belounend? Jo. Wann ee bis eemol an d'Saach erakënnt, wann d'Mise en situation funktionéiert huet, ass dem Alabaster de Plume seng nei Plack voller Glécksmomenter, déi drop waarde gepléckt ze ginn.

auto_stories

4 min

Alabaster de Plume - et ass ee Kënschtlernumm, dee schonns eng ganz Parti Saache suggeréiert a virwechhëllt. Einfach a Form ze bréngen, liicht, preziéis kléngend an dach ouni Pretentioun, ass et op jiddwer Fall eng Kombinatioun vu Wierder an Attributer, deen en direkt verhält an deen Associatioune lasstrëppelt.

Hanner dem Nom de plume verstoppt sech dann och een Dichter, mee net nëmmen. Dem Angus Fairbairn säin Instrument ass de Saxophon, seng Konscht ass Performance, a säin neit Doheem ewech vun der Heemecht Manchester ass den Total Rereshment Centre zu London, eng encadréiert Kënschtlercommunautéit am Oste vun der Stad.

Hei huet hie virun e puer Joer seng Instrumental Plack "To Cy and Lee" gemaach, déi zwee Leit mat Léierschwieregkeete gewidmet waren, mat deenen de Firbairn geschafft hat. Tëschent Konscht a soziale Projete sicht hien no deem Mënschlechen an der Musek, an no de Situatiounen, déi si ervirbréngen.

Kee Wonner, datt den Alabaster de Plume fir en Nofollger "Gold", dee grad eraus ass, eng nach méi enk Verbindung tëschent Sozialem a Kënschtlereschem stréckt - et ass déi logesch Konsequenz vu sengem Schaffen, wat entgéint allen éischten Andréck vu Larifari an Arty farty eng kloer an eendeiteg Richtung huet.

Nëmmen dat Momentaant zielt wierklech

"Gold" ass gemaach, fir Musek als gemeinsamen Akt ze feieren, a fir d'Bezéiungen ze weisen, déi dobäi entstinn. D'Inzenéierung vun der Opnam, d'Stelle vun der Situatioun, ass een Deel vum Alabaster sengem Wierk genee wéi all Nout Musek, déi hien dorop spillt. Déi normal Manéier eng Plack opzehuelen, occultéiert, wéi d'Zesummespill vun de Museker sech fënnt - a sicht als Resultat eng méi oder wéineger Deckung tëschent engem Stéck Noutepabeier an enger propperer, oder esouguer Representatioun dovunner. Aus dem Jazz awer, wou Ronne vun Improvisatiounen d'Entsteeung vun Iddie kënne siichtbar maachen, huet den Alabaster de Plume säin Imperativ, datt nëmme Momentanes wierklech zielt.

Am spéide Summer 2020 huet den Alabaster de Plume zwou Woche laang Sessiounen am Total Refreshment Center gebucht, fir mam Kristian Craig Robinson (alias Capitol K) opzehuelen. Hien huet all Dag een anere Grupp vu Museker invitéiert, déi déi selwecht Melodië mat der selwechter Geschwindegkeet spille sollten, fir datt den DePlume se spéider als eng Aart Produzent oder Remixer zesummeschneide kéint. "Si haten net genuch Virbereedung fir sech hanner festgeschriwwenen Nouten oder hirer technescher Fäegkeet ze verstoppen", seet hien. "Si hu misse kucken an openee reagéieren, an dat ass wat mir opgeholl hunn."

"Gold" versprécht deemno ee gläichzäiteg suergsam orchestréiert, wéi och spontant Wierk ze sinn. Perkussionisten, déi spontan mat Sangen ufänken, Reaktiounen, déi aus den Traipe kommen. "Et kann ee Leit wëllkomm heeschen, oder se bal onsiichtbar maachen. Bei dëser Plack waren de Museker hir eege Stëmme wëllkomm", esou de Alabaster bal guru-arteg.

Selektiounen aus 17 Stonne musikaleschem Material

17 Stonne Material sinn aus dem Experiment resultéiert, déi de Saxophonist mat enger Kaart organiséiert huet, fir sech dran erëmzefannen. An dësem, méi einsame Prozess goufen d'Sessiounen zu minimalen Tracks wéi "Fucking Let Them" zesummegesat, zu hypnotesch pulséierende Stécker wéi "Visitors XTK8B-Oak", deenen hir Titele Rätsel opginn, oder zu deenen duussen instrumentalen Tracks, déi di viregt Plack esou beléift gemaach hunn.

"I'm Good at Not Crying" beschreift op poetesch Manéier d'Weeër, wéi ee seng eege Perséinlechkeet an den Hannergrond stellt, net wëllen, net verlaangen, keng Zeen maachen. Sätz verléiere sech, ginn onverständlech, Melodie fannen hirer Momentum net. Anescht op "Now Stars Lit", wou Frustratioune wëll a fräi aus dem Saxophon erausstréimen.

Angscht zu Courage a Léift maachen, Stréi zu Gold spannen ass d'Iddi hannert dëser Plack, déi méi Varietéit ze bidden huet, wéi esou zimmlech all Sortie dëst Joer, Jazz ass ouni wierklech Jazz ze sinn, Prozesskonscht mat engem Message.