CD: Berio - Schubert
Label: Rubicon RCD 1025
Wierker:
- Luciano Berio: Rendering nom Schubert senger Symphonie Nr. 10
- Franz Schubert: Symphonie Nr. 9 D.944
Interpretatioun: 5/5
Klangqualitéit: 4,5/5
Interpreten: Solistes Européens, Luxembourg.
Direktioun: Christoph König
Rendering, "d'Ricomposizione" fir de Schubert
De Luciano Berio war en "touche-à-tout", een dee sech sou gutt beim Monteverdi oder Mahler a Puccini auskannt huet, fir Rekonstruktiounen a Restitutioune vun onvollstännege Stécker ze schafen.
"Rendering" ass wahrscheinlech dem Luciano Berio seng wichtegst Recompositioun, eng nei Siicht op existent Material no Virlagen a Motiver vum Franz Schubert. Fir "Rendering" benotzt de Luciano Berio déi selwecht Orchesterméiglechkeeten, wéi den Schubert dat a senger net fäerdeger 10. Symphonie spezifizéiert huet. Wéi de Schubert gestuerwen ass, louch seng 10. Symphonie nämlech just als Pianosparticell vir.
De Berio vergläicht säi "Rendering" mat der Restauratioun vun engem Bild. Hie probéiert hei net, déi "beschiedegt" Partië mat aneren Iddien opzefëllen. "Rendering" keng Vollendung oder Rekonstruktioun vun der Symphonie, mee eng Behandlung vun enger Fresk an dräi Deeler.
Erstaunlech ass, wéi d'Episode sech am Laf vun de Noutereien entwéckelen: Mendelssohn, Mahler oder nach méi modern musikalesch Faarwen sinn net ze iwwerhéieren.
"Rendering" vum Luciano Berio gouf vun de Solistes Européens, Luxembourg ënner der Direktioun vum Christoph König schonn den 19. September 2011 an der Philharmonie virgestallt.
"Die Große C-Dur-Symphonie" dank dem Schumann
Déi sougenannten "Die Große" an do majeur D 944 ass déi lescht vollstänneg Symphonie vum Franz Schubert. De Schubert soll am Joer 1825 an de Summervakanzen zu Gmunden a spéider zu Bad Gastein un enger Symphonie an do majeur geschafft hunn, eben der " Grossen C-Dur-Symphonie".
D'Stéck gouf posthum den 21. Mäerz 1839 am Gewandhaus zu Leipzig ënner der Direktioun vum Felix Mendelssohn Bartholdy uropgefouert. Et ass dem Robert Schumann ze verdanken, datt d'Symphonie iwwerhaapt iwwerlieft huet. Hien huet d'Partitur zu Wien beim Komponist sengem Brudder, dem Ferdinand Schubert, fonnt.
D'Symphonie weist an der thematescher Entwécklung e Beethoven-Stil op, obwuel déi sensibel Behandlung vun der Melodie echte Schubert ass.
Fazit
Wéi scho bei anere rezenten Disken, léisst de Christoph König säin Orchester mat vill Schwong spillen. Den Dirigent spillt vill mat den Temposwiesselen, hien hält sech net strikt un eng flaach Metrik, mee léisst d'Musek mat vill Rubati, fräien Temposchwankungen, opliewen.
Vum Christoph König gëtt et keng Exzesser, weder an den Nuancen, nach am Ausdrock, mee nuancéiert Leidenschaft, an där de Klang dat Wichtegst ass. Den Dirigent ass bekannt fir seng Präzisioun an den Asätz. Mee wat am meeschten beandrockt, ass d'Klangbalance vum Orchester, dee genee déi gëeegent Besetzung fir Schubert-Symphonien huet. Kompakt an transparent kënne sech d'Solistes Européens vum klassesche Schubert am "Rendering" an déi modern geschriwwen Noutesäite vum Berio afügen: eng Flexibilitéit, déi een net bei all Orchester fënnt.
Dës herrlech Klangbalance, Transparenz an Detail räich Eegenschafte sinn och der exzellenter Klangqualitéit vun der Opnam ze verdanken.